Zäitrees duerch Lëtzebuerg

Eng Rees duerch vergaangen Zäiten zu Lëtzebuerg mat Hëllef vun Dokumenter aus menger perséinlech

17/11/2023

Déifferdeng: Eng flott Kaart vum Stad'er Fotograf Charles Bernhoeft, deen sech vu sengem Atelier an der Arsenal Strooss an der Stad (haut rue Emile Reuter) erof an den déiwe Minett op Déifferdeng gemaach hat fir des Foto ze maachen Ufanks 1900. Déifferdeng, eng vun de Héichbuerge vun der Eisenindustrie am Minett, bekannt duerch hier Schmelz, déi Grey Träger produzéiert huet déi an der ganzer Welt verbaut gi sinn. Mee fir des Träger kennen ze produzéieren, ass och Eisenäerz gebraucht gi. Praktescherweis ass deen am roude Buedem am Minett ze fanne gewiescht an do ofgebaut gi, wei zu Déifferdeng wou um Thillebierg nach bis 1981 an de Minièren den Eisenäerz ofgebaut ginn ass(1900 opgemaach, an huet zu Héichzäite 650 Mineure beschäftegt). Wei een hei op der kann erkenne war dat eng kierperlech schwéier Aarbecht ënnert net einfachen a geféierleche Konditiounen: ouni grouss Schutzmoossnamen (wei Sécherheets Schong, Helmer,...) ëmmer am däischteren (Beliichtung nëmme Karbidsluuchten) a fiichte, gouf wei een hei op der Foto gesäit, den Eisenäerz manuell ofgedroen a mat der Schëpp oder Hänn an de Buggy getippt. Ëm 1500 Leit sinn an de lëtzebuergesche Minièren ëmkomm, ënnert de geféierleche Konditiounen, an déi et bis a Pensioun gepackt haten, hunn oft schwéier gesondheetlech Schied duerch des Aarbecht matgedroen (oft Longeproblemer duerch de Stepps deen all Dag ageotemt hunn, wei Pneumoconiose)

15/11/2023

Rëmeleng: Eng Foto (Ch. Arendt Rumelange) wou een e Bléck op Grand Rue ka geheien ëm 1920/1930, zu Zäite wou den Tram doduerch gefuer ass. Rëmeleng, dat ,,réischt'' säit 1891 eng eege Gemeng ass (virdrunner huet et zur Gemeng Keel gehéiert) krut säin Titel als Stad dem 4 August 1907 duerch den deemolege Groussherzog Guillaume IV (hei puer Fotoen zu de Festivitéiten https://www.facebook.com/media/set/?set=a.302837301863938&type=3). Zeréck zur Foto hei aus der Groussgaass, Grand Rue (op der Héicht vun der Kierch, eng Foto als Verglach ass an de Kommentaren). Et erkennt een den Tram, de sougenannte Minettstram (dee bedriwwe gouf vum TICE Syndikat), dee vun 1927 bis 1956 gefuer ass, an deem seng Schinnen och duerch Rëmeleng verlaf sinn (direkt zu Linne sinn iwwer Rëmeleng verlaf: Linn Esch-Rëmeleng-Ëtteng a Linn Keel-Téiteng-Rëmeleng) , hat am ganzen eng Streck vun 53,79 km duerch déi divers Gemengen am Minett (Esch, Diddeleng, Schëffleng oder Rëmeleng). Eng méi spektakulär Accident hat den Tram an de Joren zu Keel wou en aus de Schinne geflu war a géint Fassade vun engem Café geflu war, hei puer Fotoen: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.162471499233853&type=3

13/11/2023

Stad: Eng Kaart (vum Verlag W. Capus, Luxemburg Gare) aus dem Joer 1915, En Zäitpunkt wou Lëtzebuerg vun den Däitschland besat war am éischte Weltkrich(wat hannen op der Kaart de Stempel erkläert, et war eng Kaart wou vun engem däitschem Zaldot verschéckt gouf), mat der Beschrëftung ,,das erste sichbare Luftschiff über Luxemburg am 21 März 1915''. 5 Joer nodeems déi éischt Fligeren an de Wisen zu Munneref gestart sinn, wärend der éischter ,,semaine de l'aviation'', erkenne mir hei wei e Loftschëff iwwer dem Gronn flitt, fir genau ze sinn iwwer der St. Johann Kierch an der Abtei Neimënster, déi direkt nieft der Uelzecht am Gron leien. Wei am passenden Zeitungsartikel (an de Kommentaren) vun der ,,Luxemburger Bürger Zeitung'' vum 23 Mäerz 1915, war dat Loftschëff géint hallwer 8 Moies iwwer Stad geflu Richtung Treier, do wou et och gelant ass. Net wei vu villen Leit ufanks ugeholl, huet et sech net em en Zeppelin gehandelt, mee em e Loftschëff vum Schütte-Lanz. Schütte Lanz huet sech säit 1909 sech mam Bau vun hire Loftschëffer befaasst, a war soumat de gréissten däitsche Konkurrent vum Ferdinand von Zeppelins. Loftschëffer goufen an Typpe vu A bis F agedeelt, an obwuel hier Loftschëffer a villen Hinsichten iwwerleeë ware géigeniwwer dem Zepplin seng, konnten si ni déi Erfolleger feiere wei Zepplin.An de Kommentaren ass nach eng Foto vun engem Loftschëff vum Schütte Lanz.

10/11/2023

Diddeleng: Eng Kaart ëm 1910 (vum Verlag E. Hippert-Reuter,Düdelingen) mat der Beschrëftung ,, Thomasphosphatwerke''. Et handelt sech em Schlaackemillen (Thomasschlackenmahlwerke), déi sech dir vis-a-vis vun der Diddelenger Schmelz befonnt huet (an der haiteger route de volmerange, wou sech haut eng Tankstell befënnt) an 1894 gegrënnt gouf (Moulin à scories Thomas WARTH & WAGNER). Den Thomas Sidney Gilchrist hat e Verfaren erfonnt mat deem aus Phosphat räichem Eisenäerz, Stol produzéiert gouf (Thomas Verfahren). Bei dësem Verfaren, ass Thomasschlacke als Nieweprodukt vum Stol entstanen, dëse gouf dann direkt vun der Schmelz eriwwer an des Fabrick gefouert, déi sech praktescherweis direkt vis a vis befonnt huet a konnt iwwer Schinnen transportéiert gi (wei een hei op der Foto erkennt) Do gouf en duerno gemuelen an als ,,Thomasmehl'' verkaf wou en säin Zweck als Phosphat räichem Dünger fonnt hat. Deen hei am Land virun allem am Éislek benotzt gouf an dofir gesuergt huet dass Recolten op de Felder sech gesteigert hunn. Wat en Zitat vum Thomas dann och méi verständlech mécht: ,, de Stol wäert Nieweprodukt duerstellen an déi Phosphor Schlaack den Haaptprodukt'' An de Kommentaren ass nieft enger Foto vun der Platz haut, nach en ,,Avis expédition'' aus dem Joer 1898 vun den ,,Thomasschlackenmahlwerk Düdelingen'' wou een Här aus Hierber sech Thomas Miel (scories Thomas moulues) liwwere gelooss huet iwwer Schinne bis op Gare zu Wecker (am ganzen 10 000 Kilo)

08/11/2023

Téiteng: Eng flott Kaart (vun E. Meisterzheim, Metz )Ufanks 1900 (1909 gestempelt) vun Téiteng, wou een nieft der Téitenger Gare, nach déi haiteg rue des legionnaires (ënnert den Téitenger och ënnert dem Numm am Rick bekannt) gesäit. Téiteng mat sengen +/- 3900 Awunner, ass eng Uertschaft am Minett wou der Gemeng Keel ugehéiert, déi wei vill Uertschaften am Süden duerch erëm entdecke vum Minett/Eisenäerz, eng Bevëlkerungsexplosioun erlieft huet am 19. Joerhonnert. Uewe Riets, erkennt een Téitenger Gare (déi haut nach déi gläich Struktur huet), déi den éischte Juni 1860 hieren Betrib opgeholl huet duerch ,,Compagnie des chemins de fer de l'Est'' a bedriwwe gouf vun der ..Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg'' am Kader vun der Linn Näerzeng - Rëmeleng. Op der grousser Foto erkennt een déi haiteg rue des legionnaires, dei zu deem Zäitpunkt nach net mat Makadamm bezu war an och eng kleng Baach riets vun der Strooss verlaf ass (wou een nach en improviséierten Iwwergang mat engem Briet kann erkennen) mat der Zuchbréck hannendrun (déi haut nach do steet) wou déi haiteg rue de l'eau hannendrun verleeft. Hannen lenks am Rick, wei Strooss ënnert den Téitenger bekannt ass, ass haut nach de Cafe ,,an Hussen'' deem seng Geschicht op Joer 1906 zeréck geet (eng Aktuell Foto an de Kommentaren).

06/11/2023

Dummeldeng: Eng Kaart Ufanks 1900 vum Ettelbrécker Fotograf J.A. Weber, déi eis en Abléck op Liewen zu Dummeldeng zu deem Zäitpunkt gëtt. Dummeldeng ass ee vu 24 Quartiere vun der Stad'er Gemeng, bis 1920 huet Dummeldeng zu Eecher Gemeng gehéiert, éier des dann 1920 mat der Stad'er Gemeng fusionéiert ass. De Fotograf steet an der haiteger Iechternacher Strooss, op der Héicht wou Uelzecht drënner fléisst a fotograféiert Richtung Barrière / Schinnen, déi haut nach do stinn, just dass elo alles automatesch gesteiert gëtt an net méi muss manuell zou oder opgemaach gi wei zum Zäitpunkt vun dëser Foto (Gare vun Dummeldeng huet 1862 de Service opgeholl nodeems Linne Luxembourg op Ettelbréck am gläiche Joer opgaangen ass) . Lenks hannendrun erkennt een de Café du chemin de fer wou deemools och Consumgeschäft vun der Famill Schwartz-Trierweiler doranner war, des Gebai besteet haut nach mat liichten Ëmännerungen a mëttlerweil heescht de Café elo ,,Cafe am Chalet'' Eng Foto war zu deem Zäitpunkt eppes Besonnesches, net fir näischt sti Kanner schéin an der Réi bei der Barrière fir op déi Foto ze kommen.

03/11/2023

Munneref: Eng weider Kaart vun de Munneref'er Fliigerwoch aus dem Joer 1910 (Kaart vum Munnerefer N. Schumacher). Hei erkennt een, déi éischt Versich fir de Fliger fléien ze loossen an de Wiesen zu Munneref. Op der Foto ass ze erkenne wei dem Charles Bettendorf (e lëtzebuergeschen Industriellen, deen déi éischt ,,semaine d'aviation'' op sengem Terrain zu Munneref organiséiert huet) säi Fliger, en Doppeldecker vum Gabriel Voisin equipéiert mat engem 50 Päerd staarke V8 Antoinette Motor (hie war de Besëtzer vum éischte Fliger deen a Lëtzebuerg geflunn ass, deen 1909 schonn an der Villa Louvigny ausgestallt gouf) probéiert gëtt ze starte virun den Ae vun engem Mann dee grad seng Päif fëmmt an enger méi schick ugedoener Fra. Et handelt sech warscheinlech ëm en Testfluch virun der ,,semaine d'aviation'', wou de Jacques Wiesenbach (1885 zu Bouneweg op Welt komm) Pilot vun dëser Maschinn war, mee leider net wärend der ,,semaine d'aviation'' geflunn ass, well Wieder net matgespillt hat an hien net dem Bettendorf seng Maschinn wollt beschiedegen, duerch déi schlecht Wiederkonditiounen (de Fliger sollt déi ganz Woch do just am Hangar stoe bleiwen). Am Dossier si weider flott Fotoen an Informatiounen zu dësem Event

01/11/2023

Esch-Uelzecht: Eng Kaart Ufanks 1900 (vu J.O.E.) mat der Beschrëftung ,, rue de Luxembourg& hôpital''. Uewen erkennt ee rue de Luxembourg (déi haut nach den Numm dréit) vun der haiteger Grand Rue aus gekuckt (direkt nieft der Gemeng), Des Strooss hat puer Geschäfter, wou den Numm haut nach bekannt ass, wei zum Beispill Quincaillerie Buchholtz&Ettinger (1853 gegrënnt, dat 4 Gebai lenks wat méi Héich gebaut ass, wou och Famill war vu Brasserie Buchholtz spéider Brasserie Esch) . Ennen ass dann ,,hôpital'', et handelt sech em dat éischt Spidol zu Esch (Bridderhaus och genannt) wat ab 1874 Leit gefleegt huet (gebaut op Initiative vun de Besëtzer vun der Metzer Schmelz fir kennen hier Leit ze versuergen), des Gebai besteet haut nach (um Eck vun der Lëtzebuerger Strooss a Rue Leon Metz) mee mam Opgoe vun der St Marie (1930, gouf et duerno an eng Hospice fir Pensionären an Invalider vun der Arbed ëmgewandelt) hat et lues a lues säin Déngscht gemaach, Nodeems et eidel stoung, gouf et 2022 renovéiert an ëmgewandelt an eng Residenz an Atelier fir Kënschtler, méi zum Spidol hei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.325451409602527&type=3

30/10/2023

Stad: Eng Kaart ( Verlag Heinrich Hoffmann München) mat der Beschrëftung ,,Brückenring'', aus den 40er Joren et handelt sech em deen haitege boulevard Franklin Delano Roosevelt (benannt nom 32ten Amerikanesche Präsident). Hannen wou rue Chimay era geet, erkennt ee Gebai vum Hotel Cravat, deem seng Geschicht Enn des 19ten Joerhonnert ugefaangen huet an nach bis haut besteet. Zu deem Zäitpunkt war Gebai um Eck vum Boulevard an der rue Chimay, nach net am Besetz vun der Famill Cravat. Réischt 1965 sollt de Paul Cravat des Gebai erwerbe vun den Ierwe vun der Famill Arend an direkt mat den Ëmbau ufänken, sou dass Hotel sollt duerno 75 Duebelzëmmer zielen. Dei ganz Geschicht vum Hotel Cravat fënnt een hei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.353691450153807&type=3 Eng aktuell Foto vun der Platz ass an de Kommentaren

27/10/2023

Diddeleng: Eng Kaart (erausgi vun der Imprimerie J. Ney Tourneur, déi och zu Diddeleng an der rue Commerce war) wou een en Deel vun Diddeleng an der Vugelsperspektiv kann erkennen (schätzen an de 60er Jore well Sportshal René Hartmann schéngt nach net ze stoe / 1973 ageweit virun der Schwemm, mee dofir nach Gebai vum Schluechthaus wat sech virdrunner do befonnt huet an Altersheim steet schonn, dat war 1954 ageweit gi). Fir erkennt een déi oppe Schwemm mat sengen 2 Bassengen (déi zu deem Moment net besicht war wann een déi eidel Wiss tëscht deenen 2 Bassenge kuckt). Méi lenks uewen erkennt ee Schoul Brill, déi säit 1932 Kanner empfänkt, des ënnert Denkmalschutz stoend Gebai, an a Joer kommend Gebai gëtt de Moment renovéiert (,,normgerecht an instandgesetzt'' wei een noliese kann). Hannendrun ass de Stadium (benannt nom deemolegen amerikanesche Präsident de J.F. Kennedy, deen 1963 verstuerwen ass no engem Attentat op hien) mam Tennisterrain vis-à-vis deen haut nach besteet grad wei den Terrain. Méi hanne riets ass dat ,,aalt'' Altersheim, wat 1954 ageweit gouf a wou säit 2009 den ,,Neibau'' do steet. Hannert dem Altersheim wou déi grouss Wiss ass, verlafen haut Stroossen rue Rev. Père Jacques Thiel an am Boujel ënnert anerem (Cité déi Enn der 80er Ufanks 90er hier Form vun haut krut). Eng Foto mat de Verschiddenen beschriwwenen Punkten ass an de Kommentaren (+Recksait vun der Kaart mat engem Flotte Stempel vun Diddeleng)

25/10/2023

Keel: Eng Kaart (vum N. Schumacher) Ufank 1900 wou en Abléck an Alldagsliewe vun de Awunner zu Keel oder Käl, wei et et vun de Lokale genannt gëtt. Et erkennt een Escher Strooss (déi haut nach den Numm dréit) mat der Brécke, déi iwwer Eisebunnsschinne geet (déi 7 km laang Linn déi de Keeldall mam nationale Schinnennetz verbonnen huet gouf den 1 Juni 1860 ageweit) : Haut ass Brécke méi Breed, well mëttlerweil net heiansdo am Dag eng Päerdskutsch wei hei am Bild iwwer Brécke fiert mee vill Autoen an deenen 2 Richtungen am Alldag. Och stinn haut keng Kéi oder Leit méi, wei do op der Foto an der Strooss well do vill Autostrafic herrscht . Hannen um Eck (no der Brécke) wou Strooss sech deelt an déi haiteg rue de l'eglise a rue Altrescht, erkennt een de Café Ludig, och des Gebai huet déi Joren net iwwerlieft an huet misse Platz maache fir en neie Komplex. An de Kommentaren ass an eng aktuelll Foto als Verglach

23/10/2023

Stad: Eng Kaart vum Théodore Wirol (dee säi Geschäft an der Feldgenstasse Nr. 36 haat) mat der Beschrëftung ,,Die Jagd auf Cigaretten im Kriegsjahr 1918''. 1918, en Zäitpunkt wou Lëtzebuerg nach ënner dätscher Besetzung war am éischte Weltkrich (Enn November dat gläicht Joer sollten Amerikaner réischt kommen an déi daitsch Besatzungsmuecht verdreiwen), Stad virun allem Géigend vun der Gare Ziel vu Bombardementer duerch Fliger war a Spuenesch Gripp Lëtzebuerg erreecht huet. Eng Niewefolleg vum Krich war dass Liewensmëttel wei och aner Produite vum Alldag Rare goufen, wei een hei erkennt steet eng Grupp vu Leit, Kanner wei Erwuessener ( nëmme Männer, bis op ee Meedche wat ee fir riets erkenne kann) virum Geschäft vum Heintz van Landewyck (tëscht der Papeterie Victor Richard an der Mohrenapdikt), wou och 2 Uniforméiert an der Entréesdier stinn opzepassen, an der Hoffnung kennen Zi******en ze kréien. Geschäft vum Tubakshändler, war op der Platz vum roude Pëtz / Groussgaass an der Uewerstad. Op der Strooss erkennt een nach Schinne vum Tram, deen och duerch Groussgaass gefuer ass.

20/10/2023

Déifferdeng: Eng Kaart (vum J.D. Fohl, Hollerich) kuerz no 1910, wou ee wei uewe steet, de ,,Cafe Restaurant du cinéma Breden'' vun Deifferdeng kann erkennen. No deem Déifferdeng en Opschwong erlieft huet (vun 3600 Bewunner am Joer 1890 erop op 14000 Bewunner am Joer 1910), sinn och nei Betriber / Geschäfter komm, fir kennen déi Leit ze versuerge bezéiungsweis ze ënnerhalen. Zu deem Zäitpunkt ass och dësen impressionante Bau, e polyvalenten Theater, gebaut ginn um Eck vun der deemoleger avenue de la gare / Bahnhofstrasse (haut avenue de la liberté) a Werkstrase (haut rue Michel Rodange). Deen vum vum Jean-Pierre Breden bedriwwe gouf, deen sou munches ugebueden huet an deem Gebai wei een uewen op der Kaart scho ka liesen: vun engem Cafe-Restaurant, Metzlerei, Zëmmer ze verloune bis hin zum Kino. Interessant op dëser Foto sinn déi verschidden Detailer, déi ee bei genaue Kucken erkennt: Plakat uewen iwwer der Entrée vum Film ,, a la conquete du pole / Die Eroberung des Nordpols'' (1912 eraus komm), eng Verfilmung baséiert um Roman ,,Les aventures du capitaine Hatteras'' vum Jules Verne, oder ënne lenks Plakat vun der Virféierung ,,Cendrillon'' (1912 erauskomm) an ,,Asenbrodel''. Ech huelen un dass Kaart eventuell am éischte Weltkrich vun engem amerikaneschen Zaldot als Souvenir gehale gouf (si gouf net verschéckt, an hunn se an Amerika krut) deen deemools zu Déifferdeng war a vun deem Theater schreift, leider kréien ech net alles entziffert (Foto an de Kommentaren). Eng Foto mat deene ganzen Detailer an eng vum Gebai aus dem Joer 2019, ass an de Kommentaren

18/10/2023

Munneref: Eng flott Kaart vum Iechternacher Fotograf dem J.M.Bellwad, deen sech erof an de Réimecher Kanton op Munneref deplacéiert huet fir des wonnerbar Foto Ufanks 1900 ze maache mam Vermierk ,,Station Mondorf-Luxembourg'' Passend zu Duerf vum Fotograf e klenge geschichtleche Fakt: Uertschaft deem säin Numm ofgeleet ass vun enger Niece vum Karl de Groussen (Muomina), déi am 9 Joerhonnert hieren gesamten Besëtz aschléisslech och dëst kleng Duerf deemools , un Abtei Iechternach geschenkt huet an sou et zum Numm koum Muomendorph, wat spéider an de Joerhonnert dann zu ,,Mondorf'' gouf.

Op dëser Foto erkennt een den Tram, dee grad virun Hotel de la gare gefuer kennt, wou Passagéier grad wei Bunnaarbeschter scho prett stinn (Gare selwer ass lenks hannert dem Hotel: en Arrêt wou och de Jhangeli stoe bliwwen ass, wei grad säin Namesvetter de Jhangelcheno och, deen op Diddenuewe gefuer ass, weider Fotoen am Dossier) Lenks, verstoppt hannert dem Damp vum Tram, ass den Hotel Aulner nach ze gesinn. Haut erkennt ee Platz net méi erëm nodeems vill Gebailechkeeten am Laf vun der Zäit verschwonne sinn avenue François Clement, eng méi aktuell Foto als Verglach an de Kommentaren)

16/10/2023

Bouneweg: Eng Kaart 1924 gestempelt (vum Manufacture de cartes. P. Houstraas, Luxembourg. Rue dos Augustins) dei rue de l'hippodrome / Rennbahnstrasse zu deem Zäitpunkt weist. Wei Foto an de Kommentare weist, steet de Fotograf an der haiteger rue de thionville fir Foto ze maachen: Gebai fir lenks besteet haut nach um Eck vun der route de thionville a rue de l'hippodrome (déi haut nach den Numm dréit), riets Gebaier sinn duerch nei Gebai / Appartement ersat. Bouneweg, dat aus 2 Quartiere besteet: Bouneweg Sud a Bouneweg Nord mam Verluerekascht, ass mat 16.000 Bewunner ee vun deene meescht bewunnten Deeler vun der Stad, am Ufank huet Bouneweg nach zur Gemeng Hollerech gehéiert (réischt nodeems 1920 et zur Fusioun vun Hollerech a Stad'er Gemeng koum, huet Bouneweg och zur Gemeng Stad gehéiert). Den Numm vun der Strooss weist doropper hin dass zu Bouneweg och Päerd Renne statt fonnt hunn: wei een an den Zeitungsartikel ka liese scho virun 1900 an der Géigend vun der Kierch (do handelt et sech nach em Saint Joseph Kierch, déi am 2ten Weltkrich zerstéiert gouf duerch Bombardementer )

13/10/2023

Diddeleng: Eng Kaart Ufanks 1900 (Verlag von Fr. Müller Düdelingen) mat der Beschrëftung ,,Blick in die Hüttenstrasse''. Froe stellt sech, wisou ,,Hüttenstrasse'', zu wat renger Hütt feiert des Strooss dass se sou heescht? Wei Héichiewen am Hannergrond scho verroden, handelt et sech natierlech net em Hütt wei Kanner sech am Bësch bauen oder Erwuessener den Après Ski feieren, mee et handelt sech em eng Eisenhütt (op franséisch huet Strooss rue de des usines geheescht), eng Anlag / Schmelz wou mat Eisenäerz, Stol produzéiert gouf. Haut dréit des Strooss den Numm rue de la liberation, an Zäite vun der Schmelz, sinn eriwwer säit 2005 mat der Schléissung vun dem Walzwierk , nodeems schonn 1984, Feier am leschten Héichuewen ausgaangen ass. Opfälleg sinn déi divers Caféë lenks a riets vun der Strooss déi een hei op der Foto erkennt, no bei der Schmelz, wou Aarbechter, konnten zum Leed vun hire Fraen, direkt hier Pai ausginn no der Schaff. An de Kommentaren ass eng Aktuell Foto als Verglach wei Strooss an de Jore changéiert huet.

11/10/2023

Esch-Uelzecht: Eng Kaart (vum Kremer-Müller Esch/Alzette) Ufanks 1900 wou een déi deemoleg rue de la gare (haut boulevard John Fitzgerald Kennedy) kann erkennen. Net nëmmen de Numm vun der Strooss huet changéiert an deenen iwwer 100 Joer, wou des Foto gemaach gouf bis haut: Lenks déi Gebaier wei dat héischt Gebai, Hotel J. Cresto-Backes si verschwonne fir Platz ze maache fir nei Gebaier, Hannen zum Schluss vun der Strooss erkennt een Héichiewe vun der Metzer Schmelz, déi och verschwonne sinn an de Joren, Haut ass et net méi méiglech sou frai op der Strooss ze tëppele wei do op der Foto, well Autoen do fueren a Platz virun der Gare an Gare selwer hu vill changéiert an deene Joren (nodeems 1879 eng nei Gare op der Platz vun der haiteger Gare gebaut gouf, an am Joer 1958 erëm eng nei Gare fäerdeg gebaut gouf an och 2014 och fir lescht nach Passagéier Gebai, nei gebaut gouf)

09/10/2023

Stad: eng Kaart vum bekannte Fotograf Charles Bernhoeft, deen op senger Foto mat der Beschrëftung ,,Luxembourg rue de l'arsenal et grand'rue '' en Abléck op des Stroossen gëtt em 1900. Rue Arsenal, déi haut den Numm avenue Emile Reuter (benannt nom Emile Reuter, 1874-1973, fréiere Staatsminister a Chamberspresident), hat den Ursprong vu sengem Numm, doduerch dass sech op dëser Platz zur Zäit vun der Festung Kasären / Arsenal do bewunnt huet (nach virdrunner war des Platz als Juddegass bekannt, op hirem Enn un der Festungsmauer war Juddepaart, warscheinlech kennt den Ursprong vum Numm dass sech zur där Zäit déi jüddesch Communautéit do gelieft / niddergelooss hat). Lenks erkennt een Fassade mat der Reklamm vum Hotel Brasseur, deen den Eck mat der rue Arsenal a rue Aldringer gemaach huet (méi dozou hei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.381934297329522&type=3 ), no Hotel Brasseur an der rue Aldringen war hannendrun den Hotel Continental, Op der anerer Säit, riets déi éischt Fassade, misst Fassade vum Fotograf Bernhoeft sengem Atelier sinn, um Eck vun der Rue Arsenal an dem Boulevard Royal (méi dozou hei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.250540520426950&type=3 ). Zum Réck vum Fotograf ass de Boulevard Royal, wou nom Bau vum Pont Adolph och de Schmuelspuerbunn, bekannt ënnert dem Numm Charly gefuer ass, an do virum Bernhoeft sengem Atelier an rue Arsenal gebéit ass, wou sech och en Arrêt befonnt huet (Charly Gare)

06/10/2023

Bieles: eng Enveloppe (gestempelt 1913, zu Bieles) mat enger Reklamm vum ,,Etablissement de la source minéral Bel-Val''. Wann een haut vun der Industrie vu Bieles schwätzt, denke Leit haaptsächlech u Schmelz déi Jorelaang Bild vun der Stad gepräägt huet, mee ugefaangen huet Geschicht vun deem Standuert mat mam Mineralwaasser, wou haut ze daags vill Leit net méi kennen. Uewe gesäit een eng Foto vun de Gebailechkeete vu Mineralwaasser Fabrick, déi do wärend enger 40 Joer Quell ugezaapt hunn a Waasser (bis 1935) weider verkaf hunn. Foto ass gemaach gi nodeems dat grousst Feier war (05/1907), wou e groussen Deel vun de Gebailechkeete verbrannt sinn an erëm alles misst frësch opgebaut gi. Méi ënnen op der Enveloppe maachen se Reklamm dofir, dass Waasser soll ee vun den am meeschten Hygienesche Waasser si soll an als Heelmëttel asetzbar sinn. Mee et ass net nëmme Waasser verkaf gi vun ,,Bel-Val'' et gouf och Limonade mat Quellewaasser produzéiert, wei ee ka liesen. An der Mëtt ass nach Logo vun der Fabrick. Op der anerer Säit (an de Kommentaren) steet nach eng Kéier den Numm vun der Entreprise

04/10/2023

Rodange: Eng Kaart (P. Thorn, Esch/Alzette) Ufanks 1900 (Kaart ass 1910 gestempelt) wou ee Rodange kann erkennen zu deem Zäitpunkt. Uewen ass Quincaillerie (Consumgeschäft) vun der Famill Schneider-Thorn, wou een uewen un de Reklammen erkennt grad sou un de volle Vitrinne, alles ze kafe krut wat ee brauch: vun ,,Articles fumeurs'' , Porzeläi bis hin zu Gezei fir Aarbechter (,,Confections pour ouvriers), an natierlech och Maggi (déi Reklamm ass direkt 2 mol op der Fassade). Ennen erkennt ee Schmelz vu Rodange mat sengen Héichiewen, des Schmelz hat hier Ufäng mat der Grënnung vun der ,,Société anonyme des hauts-fourneux de Rodange'' am Joer 1872, wou haut nach geschafft gëtt: an 2 Stonnen dauert et bis aus dem waarme Stol eng Tramsschinn am Walzwierk gëtt, déi Weltwäit verschéckt gi mee och hei am Land gebraucht gi si wei Beispill vum Stad'er Tram weist (am Joer 2022 huet Schmelz, mëttlerweil ënnert der Leedung vun Arcelor Mittal, hier 150 Järeg bestoe gefeiert

02/10/2023

Stad: Eng Kaart ëm 1920 (Fotograf onbekannt) wou ee Gebailechkeete vis-à-vis vun der Stad'er Gare zu deem Zäitpunkt erkennt. Richtegen Opschwong, haten Industrien ab 1872: nodeems Schleefe vun der Festung ugefaangen huet, an Industrie profitéiert huet vun der gënschteger Lag direkt vis-a-vis vun der Gare an dem Transportwee iwwer Schinnen , sinn Industrien am Garer Quartier wei Champignonen aus dem Buedem gewuess wei een hei gesäit schonn. Lenks si Gebailechkeete vu Mercier (méi dozou hei, mat Foto vu bannen: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.149903543823982&type=3) , duerno Fabrique Berl (déi Better a Miwwelen aus Eisen hiergestallt hunn). No de Fabricke kommen Hotel: als éischt Hotel de la station, duerno Hotel d'Anvers , an als lescht op dëser Foto, Grand Hotel du Commerce (offiziel Hotel-Restaurant de la gare Kons-Haas), dat zu deem Zäitpunkt vun der Famill Kons-Haas bedriwwe gouf um Eck vun der haiteger rue Joseph Junck a place de la gare), Des Hoteller hunn sech praktescherweis direkt vis-a-vis vun der Stad'er Gare befonnt, zu enger Zäit wou et nach kee Findel gouf an Haptreesmettel de Wee iwwer Schinne war, sou dass Reesender déi an der Stad ukomm sinn, direkt do konnten en Zëmmer huelen, wann de Besoin do war. 1902 huet de Pierre Kons Hotel iwwerholl, an e Joer doropper Ställ verkaf fir kennen déi 22 Zëmmer am Hotel ze renovéieren an e Stack nach doropper ze setzen.

29/09/2023

Diddeleng: Eng Kaart (Atelier Cappelar), datéiert op de Januar 1919 mat de folgende Wieder: ,,Your sincerly Edouard January 22.1.1919''wou een e Bléck op Diddeleng vum Ginzebierg aus ka werfen zu deem Zäitpunkt. Gutt ze erkennen ass hanne lenks um Bierg déi Dampwollek, hei handelt et sech em de Schlakentipp vun der Diddeleng, wou den Offall vun der Eise Produktioun : déi gliddeg Schlaken, déi mat den ,,Humpen'' ugezu vum Zuch, dohinner gefouert goufen an dohinner getippt goufen (op der Héicht vun der Haiteger rue de vallée a rue de schortgen). Dei haiteg Gemeng feelt op der Foto, welll Gemengenhaus vun haut éischt am Joer 1930 gebaut gouf an sech zu deem Zäitpunkt nach Villa vum Comte de Bertier do befonnt huet. Verschidde Gebaier hei op der Foto bestinn haut nach: St Martins Kierch, (riets). Schoul um Strutzbierg (Batiement A a B, obwuel de B nach net vergréissert war sou dass ech unhuelen dass Foto nach virun 1918 gemaach ginn ass, hei eng Foto vun 1918 wou Schoul grad vergréissert gëtt) An de Komentaren ass eng Foto als verglach.

27/09/2023

Déifferdeng. Eng Kaart (Foto vum Th. Wirol ) aus dem Joer 1921 mam Titel ,,L'usine de Differdange pendant la grêve 1921''. Wei Beschrëftung op der Kaart scho seet, weist des Foto en Abléck an Déifferdenger Schmelz, wärend dem Streik am Joer 1921. Virun den Humpen déi dofir do ware Schlake fort ze feieren entweder op de Schlakentipp oder a Schlakemillen, erkennt een nieft Leit vun der ,,Hüttenpolizei'' vun der HADIR (gutt ze erkenne mam Hutt wou Hadir doropper steet, déi 2 ganz riets, hei eng Foto vun der Hüttenpolizei: https://www.facebook.com/media/set/?set=a.116459043835099&type=3) och Leit extern vun der Schmelz, déi fir Uerdnung sollte suergen nieft der bekannter Hüttenpolizei. En net üblecht Bild bis dohinner op der Schmelz: zwar gouf et Hüttenpolizei op der Schmelz, mee dass Leit vun der franséischer Arméi , lëtzebuergescher Fräiwëlleger Kompanie oder der Gendarmerie do ware, war bis dohinner net den Alldag. Grond dofir war dass Joer 1920 an 1921 vu wirtschaftlechen Onsécherheeten a soziale Spannunge gepräägt waren. Sou dass Ufank 1921 Direktioun vun der HADIR ugekënnegt huet bedéngt duerch Wirtschaftskris, gläich 231 Läit vun hiren 3197 Beschäftegten ze entloussen. Sou komm et dass Gewerkschafte mat den Aarbechter Schmelz besetzt hunn, nodeems trotz Entloossung se refuséiert hunn Aarbechtsplaz ze verloossen an hinnen duerch Gendarmerie den Zoutrëtt verbuede gouf . Bedéngt doduerch dass Gendarmerie eleng der Situatioun net meeschter ginn ass (nodeems et och nach zu enger Explosioun komm un enger Gasleitung nodeems Aarbechter ausgespaart goufen, an sech béid Parteie géigesäiteg Schold zou geworf hunn), sou dass Regierung Hëllef vun de franséische Besatzungstruppe gefrot huet, fir dass si zesumme mat hinnen, der Lëtzebuerger Fräiwëllege Kompanie an der Gendarmerie konnten Aarbechter déi Schmelz besat haten, ze verdreiwen an de Streik ze beendegen

25/09/2023

Stad: Haut mol eng Kéier eng bëssche méi ,,jonk'' Kaart, et handelt sech em eng Kaart vun der ,,Messageries Paul Kraus, Luxembourg'' wou ee Stad'er Gare a C.F.L Gebai erkenne kann an de 60er Joren. Nodeems déi al Stad'er Gare aus Holz (wei een un de Fotoen am Album ka gesinn), déi 1859 hire Betrib opgeholl hat, gouf Ufanks 1900 decidéiert, des duerch eng nei aus Steen ze ersetzen nodeems Stad keng Festungsstad méi war a kee Grond do war fir do Gebai aus Holz stoen ze hunn. Tëscht 1907 an 1913 gouf déi al hëlze Gare, dunn duerch des Gare op der Foto ersat, déi haut nach ëmmer Fuergäscht empfänkt. Och wa Gebai vun der Gare ab 1913, net vill changéiert huet sou huet Platz virun der Gare vill changéiert an de Joren. Wei Beispill vum Tram wéisst:bis kuerz Ufanks de 60er Joren ass den Tram bis op Stad'er Gare gefuer (am Ufank nach mam Päerd gezunn duerno elektresch, éier dee Service opgehale gouf, bis 2020 erëm den Tram viru Gare sollt fueren. Flott ze gesinn nieft dem C.F.L Gebai bei niewendrun der Gare (an de 50er Jore gebaut, gëtt vergréissert fir kenne bis zu 1200 Aarbechter ze empfänken), sinn och C.F.L Bussen déi virun der Gare waarden: wat wéisst, dass och wei haut C.F.L net nëmmen aus Zich besteet, mee 1952 gouf mat Ufanks 6 Bussen ugefaangen den Transport och op der Strooss ze garantéieren (1965 bestoung Flott schonn aus 45 Ween)

22/09/2023

Esch-Uelzecht: Eng Kaart vum Escher Fotograf dem Pierre Thorn, op där ee wei uewe beschrëft steet ,,hauts fourneaux de Metz &Cie'' Héichiewe vun der Metzer Schmelz zu Esch gesäit Ufanks 1900. Geschicht vun der Schmelz geet zeréck op Grënnung vun der Usine Metz am Joer 1871, wou am September eng Konventioun ënnerschriwwe gouf vum Norbert Metz a Victor Tesch fir eng Schmelz mat 4 Héichiewen zu Esch-Schëffleng ze bauen. Wou de Léon Metz, och den éischten Direkter war vun dëser Schmelz. Schnell gouf wat an der Konventioun festgehale gouf, Wierklechkeet: 1871 huet den éischten Héichuewen säin Betrib opgeholl, am Joer 1872 sollten den Héichuewen 2 an 3 nokommen an 1873 de 4ten Héichuewen, sou dass am Joer 1875 schonn 100.000 Tonne Goss produzéiert gouf. Mat der Grënnung vun der ARBED, gouf och spéider Metzer Schmelz an dëse Grupp opgeholl 1912. Haut gëtt awer kee Stol méi op deem Site produzéiert, nodeems Produktioun vum Bedreiwer Arcelor Mittal 2012 gestoppt gouf an den de Site 2016 zougemaach gouf. Am Dossier vun der Metzer Schmelz, ass och e Lehrlings-Kontrakt vun 1926 (deemools scho Vereinigte Hüttenwerke Burbach-Eich-Düdelingen)

Wollen Sie Ihr Museum zum Top-Museum in Dudelange machen?
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.

Kategorie

Webseite

Adresse

Avenue Grand-duchesse Charlotte
Dudelange
3440

Andere Museen in Dudelange (alles anzeigen)
Dudelange Antenna - Airplane Crash of 1981 Dudelange Antenna - Airplane Crash of 1981
Ginzebierg
Dudelange

The goal of this page, created and maintained by Jerry Klein, a survivor of the accident if you like, is to collect and uphold the memory of the 31st July 1981 fighter jet accident...

Centres d'Art - Ville de Dudelange Centres d'Art - Ville de Dudelange
25, Rue Dominique Lang
Dudelange, L-3401

CENTRE D'ART NEI LIICHT RUE DOMINIQUE LANG DUDELANGE CENTRE D'ART DOMINIQUE LANG GARE DUDELANGE-VILLE DUDELANGE