FreschKescht
FrëschKëscht proposéiert Iech eng Këscht mat lokalen a saisonale Produiten. Eist Ziel ass lëtzebuerge
As the year draws to a close, we can’t help but marvel at the incredible journey we’ve had with FreschKescht. Here are some of the highlights that made 2023 truly special:
🍑 **Crafting Delightful Mirabelle Jam:** Our team poured creativity and passion into crafting a unique Mirabelle jam. The response has been overwhelming, with over 200 jars making their way to kitchen shelves across Luxembourg!
🎁 **Spreading Joy with 1500+ Boxes:** It’s been a joyous year of sharing the best of Luxembourg with you. From personalized treats for individuals to curated surprises for businesses, we’ve sent out over 1500 boxes filled with local goodness.
🌐 **Supporting Local: 17,000+ Luxembourgish Products Sold!** In our mission to champion local producers, we’re thrilled to announce that over 17,000 Luxembourgish products found new homes this year.
A heartfelt **thank you** to each one of you who has been part of this incredible journey. Your support fuels our passion, and we’re excited about what the future holds for FreschKescht.
Here’s to more success, joy, and Luxembourgish delights in the years to come! 🎉🇱🇺 #
Chrëschtdag kennt emmer méi no... Gleich kennt dir Är ChrëschtKëscht och opmaachen😊🎅🏼❄️
Last Minute erëm verzweifelt op der Kaddossich? Dann mellt Iech via : [email protected] bei eis an dann hutt dir et spéitstens bis de 24. Dezember virun ärer Hausdier😍🎁🎄❄️
Nëmmen nach 3 Deeg! 🥰 Sidd Dir och esou opgereegt wéi mir!
An puer Deeg ass et esou wäit! Dann kenne mir all mat eise Léifsten déi schéinst Zäit am Joer zesumme féieren! An wien weess, villäicht kucken der puer och esou frou an erstaunt wa si hier ChrëschtKëscht opmaachen! 🥰
Haut ass de leschten Dag wou Dir eng ChrëschtKëscht bestelle kennt! Zeckt net méi a bestellt elo nach schnell Är Këscht op www.freschkescht.lu ! 😍🎁
Mir wënschen Iech haut een ganz schéinen 3. Advent! Chrëschtdag kennt ëmmer méi no an fir dat mat Iech ze féieren, wëllen mir een 3. Gewënnspill organiséieren! Dofir kënnt Dir haut matspillen fir een Kaartespill vun Bëssen Wëssen ze gewannen 💙
Wann Dir matmaachen wellt, dann :
- Folgt freschkescht.lu
- markéiert 2 Persounen 😊
Mam Kaartespill kennt Dir selwer Lëtzebuerg weider entdecken oder Är Kenntnisser testen!Maacht mat, an wien wees🎄 villäicht kennt Dir elo nach kuerz virun Chrëschtdag gewannen❄️
Mir annoncéieren, wéi déi lescht Kéieren den Gewënner den Donneschde 🎄
Gebeess ass eppes wat vill Leit gären huet, dem Haff Muller-Lemmer säin Gebeess huet awer all Mënsch gären! Mir sinn frou och dëst Joer erëm dat leckert Gebeess, wat mat ganz vill Léift gemaach gëtt, dobäi ze hunn an eise Këschten! 🎁🥰🍓
Hmmm wien drénkt net gären een Äppeljus fir eng gutt Erfrëschung, och mol am Wanter! Den Äppeljus vu Ramborn ass do dat perfekt Gedrénks! Mir si ganz frou och erëm dëst Joer de leckere Jus an eis Këschten ze proposéieren, an se domadder nach méi flott ze maan! 🍎🍹
Dir hutt nach keen Chrëschtdagskaddo? 🎁 Dann ass d'ChrëschtKëscht déi perfekt Léisung! Bestellt nach haut eng ChrëschtKëscht, een originelle Kaddo mat nëmme lëtzebuergesche Produiten! 🇱🇺❄️
Wousst Dir dass Dir bei all Bestellung och d'Kaartespill Bëssen Wëssen kennt dobäi wielen? Bëssen Wëssen ass ee Kartespill den Iech erméiglecht Lëtzebuerg ze entdecken. D'Mini-Entreprise huet mat hirer Idee, ee Spill ze entwéckelen wat d'Inklusion zu Lëtzebuerg fërdert, de Konkuer 2023 gewonnen ! 🇱🇺🎡🥇
Haut presentéieren mir Iech net nëmmen gären d'Kippchen, dem Pundel säin neie Cremant, mä mir wëllen Iech och erméiglechen eng Fläsch ze gewannen! 🥳 Schonn ëmmer ware mir ganz vill Fan vum Pundel sengem Cremant, de bis elo ëmmer an eise ChrëschtKëschten dobäi war, mä déi nei Kippchen huet alles getoppt! Wann Dir se och entdecke wëllt, da spillt haut mat ! 🍾
Esou wéi d'lescht Woch, sollt Dir erem:
- FreschKescht abonneieren
- 2 Kollegen markéieren, mat deenen Dir gären dës Fläsch genéisen weilt 🎄
Mir wënschen Iech ganz vill Glëck, an annoncéieren den Gewenner dann erem nächsten Donneschden 😉
Mir wënschen Iech een ganz schéinen 2. Advent🥂
Haut presentéieren mir Iech direkt eisen nächste Produit! D'Seef vu Yolande Coop! Wéi Dir gesi kennt, riicht se ganz gutt, mir sinn objiddefall ganz begeeschtert! Dëst Joer hu mir tatsächlech net nëmme lecker lëtzebuergesch Produiten dobäi, mä och puer nei Iwwerraschungen, wéi déi heite Seef, déi och aus engem Atelier protégé kennt! 🥰🧼
Sidd Dir och esou Fan vu Moschtert wéi mir? Héi stelle mir Iech eis Liblingsmoschtert fir, déi vum Ourdaller, eng klassesch, lecker, lëtzebuergesch Sauce! 🍽😋
Dir stellt Iech bestëmmt nach d'Fro wéi Dir Äre Léifsten eng Freed maache kennt fir d'Chrëschtdeeg! Ma mir hunn déi perfekt Léisung fir Iech! D'ChrëschtKëschten sinn nämlech déi bescht Kaddoen! Bestellt och Dir nach haut Är Këscht, a verséchert Iech soumat de perfekte Kaddo fir Är Léifsten! 🎁
Mir wënschen Iech ee ganz schéine Kleeserchersdag! An hei direkt och nach ee vun eise Produiten, ee Schokela Kleeschen, den Dir och nach an de ChrëschtKëschten erëm fannt! 🎅🏼
Mir wënschen Iech ee ganz schéinen 1. Advent! Mir freeën eis immens op déi heite Saison, a wëllen eis Freed mat Iech deelen. An dofir proposéiere mir Iech ee Gewënnspill! Dir kennt nämlech eng ChrëschtKëscht gewannen! 🎁🥳
Alles wat Dir dofir maachen musst, ass ganz einfach:
- .lu abonneieren
- 2 Kollegen markéieren, déi villäicht jo och eng ChrëschtKëscht gewanne wëllen
De Gewënner gëtt nächsten Donneschden annoncéiert a kontaktéiert 😀
Mir wënschen Iech ganz vill Gléck an hoffen dass Dir Iech esou freet wéi mir! 🥰
Ee weidere Produit, den Dir warscheinlech och schon all gutt kennt, sinn déi lecker Äppelchipsen vum Haff Muller-Lemmer 🍎 Seit dem Ufank vun eiser FrëschKëscht Aventure schaffe mir mam Här Muller an sinn ëmmer erëm ganz stolz seng Produite kennen unzebidden. Seng knuspereg Äppelchipsen gehéieren zu eisen absolut Liblingsproduiten! Et ass den perfekten Snack fir d’ganz Famill 🎅🏼 🎁
Ee weidere Produit, den Dir warscheinlech och schon all gutt kennt, sinn déi lecker Äppelchipsen vum Haff Muller-Lemmer 🍎 Seit dem Ufank vun eiser FrëschKëscht Aventure schaffe mir mam Här Muller an sinn ëmmer erëm ganz stolz seng Produite kennen unzebidden. Seng knuspereg Äppelchipsen gehéieren zu eisen absolut Liblingsproduiten! Et ass den perfekten Snack fir d'ganz Famill 🎅🏼 🎁
D'Mini ChrëschtKëscht ass ons drëtt ChrëschtKëscht! Dëst Joer hu mir ons och entscheet eng méi kleng Këscht unzebieden, déi trotzdeem ganz vill Freet an Iwwerraschungen enthält! An wéi ëmmer 100% lëtzebuergesch ass 🇱🇺🎁
An hei scho direkt eis zweet ChrëschtKëscht, déi heiten awer ouni Alkohol! 🎁 Eng 9 Produite fannt Dir hei erëm, déi Iech all eenzel ee Laachen an d'Gesicht verzaubere kennen! Fir méi eraus ze fannen, kuckt laanscht op www.freschkescht.lu ! 🎅🏼
Voilà eis éischt ChrëschtKëscht! D'ChrëschtKëscht mat der Kippchen! 🎁 Eng Këscht mat 7 lëtzebuergesch Leckereien, déi mir frou sinn Iech ubidden ze kennen! Zéckt net méi an bestellt se nach haut op www.freschkescht.lu 🍾
Kennt Dir scho Yolande Coop? Yolande Coop ass eng SIS (société d'impact sociétal) déi eng Aarbechtswelt fir Leit mat enger intellektueller Behennerung erméiglecht. Sie hu puer Atelieren déi lokal Produite produzéieren, ënner anerem déi heite Kichelcher, och nach Klouschterwölkchen genannt! Déi Mandelskichelcher sinn definitiv déi bescht fir d'Chrëschtdeeg ze feiere 🥰
Mir freeën eis immens op d'Chrëschtdeeg an Dir? ❄️⛄️🎅🏼
Fir ee gudde Schocki hu mir och gesuergt! Déi lecker Schockela Spoon vun Genaveh sinn nämlech perfekt fir an der Mëllech schmëlzen ze loossen an dono waarm ze drénken! Se gesinn also net nëmme flott aus, mä sinn och nach super lecker! 🍫🥛😋
Eng ChrëschtKëscht kann ee verschenken, mä et kann een sech och selwer domat eng Freed maachen! 🥰
Wann een un de Wanter denkt, dann denkt een drun ee waarmen Téi mat Hunneg ze drénken! An genau dat erméigleche mir Iech mam gudde Lëtzebuerger Hunneg vum Beiefritz! Obwuel de Beiefritz eng grouss Gamme u Produite mat Hunneg proposéiert, hu mir ons entscheet de klasseschen Hunneg ze huelen, an hoffen Iech gefält en genau sou vill wéi eis! 🐝🥰
Wësst Dir firwat d'ChrëschtKëscht de perfekte Kaddo ass? 🍾🎁 Et ass net nëmmen een ëmweltfrëndleche Kaddo, den aus exklusiv lëtzebuergesche Produite besteet, mä et ass och alles esou gemaach fir Iech et esou einfach wéi méiglech ze maachen. Dat eenzegt wat Dir musst maachen, ass d'Këscht bestellen! Mir hunn scho gekuckt fir déi bescht Produiten zesummenzesetzen, mir preparéieren se fir Iech, a mir liwweren se souguer bis bei Iech Heem! 😊 Zéckt also net méi, an bestellt och Dir nach haut Är ChrëschtKëscht! 🎄
Hei ass ee Produit, den Dir normalerweis och scho gutt kennt, wann Dir d'FrëschKëscht méi laang kennt. 😉 De leckeren Drauwejus vun L&R Kox si mir ëmmer erëm frou Iech unzebidden, well et och vun eiser Seit aus eise léifsten ass! En ass kleng, en ass frësch, en ass séiss, einfach perfekt! 🍇 🥃 💚
Mir freeën ons immens iwwert déi nei Saison, mä hei ee klengen Throwback vu lescht Joer! Wéi Dir gesinn kennt, ass bei der FrëschKëscht ëmmer ganz vill Spaass a Freed ungesot! 🥰
FrëschKëscht, une boîte de produits régionaux et de saison
La FrëschKëscht est une boîte de produits régionaux et de saison. De semaine en semaine, nous faisons de notre mieux pour mettre en place une belle FrëschKëscht variée et saine pour nos clients.