Fanfare Sandweiler

Fanfare Sandweiler

Orchestre d'harmonie

27/10/2024

Léif Leit,

D'Jugendmusek vun der Fanfare Sandweiler ass um traditionelle Proufstage zu Housen. Hei prouwen eis jonk Musikantinnen a Musikanten ee Weekend intensiv, dëst nierft flotten Aktivitéite wéi Schwamme goen, een Owend an der Grillhütt oder ee Quizowend.

D'Jugendmusek presentéiert d'Resultat vun hirer Aarbecht vum Weekend op engem Ofschlossconcert, dëse Méindeg 28. Oktober um 19h00 am Centre Culturel zu Sandweiler.

Mir invitéieren Iech ganz härzlech déi Jonk kucken an ënnerstëtzen ze kommen.

Photos from Fanfare Sandweiler's post 10/09/2024

No engem Sondeg mat ville musikaleschen Erausfuederunge war geschter e Roudag ugesot. Vill Musikanten hu vun der Schwemm am Hotel profitéiert fir e gemittlechen Nomëtteg ze verbréngen. Owes hate mer Rendez-vous am "Museu du Pão" zu Seia, fir bei engem gudden Iessen den Organisateuren vun der Feier zu Sameice Merci fir d'Invitation an Äddi ze soen. Haut triede mir dann d'Heemrees ob Lëtzebuerg un.

08/09/2024

Läscht musikalesch Interventioun vum Dag: um 19:30h e Concert vun annerhalwer Stonn. Dertëschent louchen nach 2 Processiounen an eng Mass, un deeër d'Musek och deel geholl huet.
An de nächsten Deeg werde mer iech weider Fotoen vun desem aussergewéinlechen Dag zu Sameice weisen.

08/09/2024

Mir sinn haut de Moien um 8h00 eisen éischte Cortège duerch d'Stroosse vu Sameice gaang.

Photos from Fanfare Sandweiler's post 07/09/2024

Coimbra, déi fréier Haaptstad vu Portugal, mat enger gutt erhalener mëttelalterlech Alstad an enger historescher Universitéit. Gebaut um Site vun engem fréiere Palais, ass d'Universitéit berühmt fir seng barock Bibliothéik, d'Biblioteca Joanina, a säin Klackentuerm aus dem 18. Joerhonnert.

Photos from Fanfare Sandweiler's post 06/09/2024

Haut um Programm: Transfert vu Porto ob Seia mat engem Tëschestop zu Agueda beim José Trindade, President vun der Casa asbl vu Lëtzebuerg. Mir soe Merci fir den häerzlechen Empfang an fir dat fantastescht Mettegiessen. E ganz spezielle Merci geet och un d'Lucie, de Jaime an de Paulo. Et war immens!

Photos from Fanfare Sandweiler's post 05/09/2024

D'Fanfare Sandweiler ass gutt a Portugal ukomm. Um éischten Dag ass et no engem fréie Start an den Dag als éischt duerch déi schéi Stroosse vu Porto gaang. Am Nomëtteg hu mir mam Boot een Tour iwwert den Douro gemaach.

Muer um Freideg geet eis Rees weider, méi an d'Hannerland, nämlech op Seia.

31/08/2024

🇱🇺🇱🇺
Léif Leit,

D'Fanfare Sandweiler ass frou Iech ze annoncéieren, dass mir am September op Sameice (Portugal) op Invitatioun vun der « Uniao das Freguesias de Sameice e Santa Eulàlia» un de Feierlechkeeten vun der « Senhora de Ajuda » deelhuelen. D’Fanfare Sandweiler wärt d’Feierlechkeete (Cortège, Prozessioun & feierlech Mass) begleeden, sou wéi och Owes e Concert op der Festplaz offréieren. Dëse Lien ass iwwert ee vun de Musikante vun der Fanfare Sandweiler zustane komm.
Nierft de Feierlechkeeten Sonndes den 8. September verbanne mir dës Rees mat engem 6-Deeg Openthalt a Portugal, mat ënnert anerem Visitte vun de Stied Porto, Seia a Coimbra.
Mir freeën eis op dësen aussergewéinleche musikaleschen Ausflug a wärten Iech op eise Social Media-Kanäl (Facebook & Instagram) mat op dës Rees huelen.
Wann Dir déi Zäit (8. September) an där Géigend vu Portugal sitt, géinge mir eis freeën wann Dir d'Fanfare Sandweiler géingt ënnerstëtze kommen.

🇫🇷🇫🇷
Chers tous,

La Fanfare Sandweiler est heureuse d'annoncer que nous participerons aux festivités de la "Senhora de Ajuda" en septembre à Sameice (Portugal) à l'invitation de l'"Uniao das Freguesias de Sameice e Santa Eulàlia". La Fanfare Sandweiler accompagnera les festivités (cortège, processions & messe solennelle), ainsi qu'un concert le soir sur la fête populaire. Ce lien s'est fait grâce à l'un des musiciens de la Fanfare Sandweiler.
En plus des festivités du dimanche 8 septembre à Sameice, nous combinons ce voyage avec un séjour de 6 jours au Portugal, comprenant des visites des villes de Porto, Seia et Coimbra.
Nous nous réjouissons de cette excursion musicale extraordinaire et souhaitons vous emmener dans ce voyage sur nos réseaux sociaux (Facebook & Instagram).
Si vous êtes dans cette région du Portugal à cette époque (autour du 8 septembre), nous serions heureux que vous veniez soutenir la Fanfare Sandweiler.

🇵🇹🇵🇹
Caros,

A Fanfarra Sandweiler tem o prazer de anunciar que iremos participar nas festividades da "Nossa Senhora de Ajuda" no mês de Setembro em Sameice (Portugal) a convite da "União das Freguesias de Sameice e Santa Eulália". A Fanfarra Sandweiler acompanhará as festividades (procissões e missa solene), bem como um concerto à noite na festa popular. Esta ligação foi feita graças a um dos músicos da Fanfarra Sandweiler.
Além das festividades do domingo, 8 de setembro, em Sameice, combinamos esta viagem com uma estadia de 6 dias em Portugal, incluindo visitas às cidades do Porto, Viseu e Coimbra.
Estamos ansiosos por esta extraordinária excursão musical e queremos levá-lo nesta viagem nas nossas redes sociais (Facebook e Instagram).
Se estiver nesta região de Portugal nesta altura (por volta do dia 8 de setembro), ficaríamos felizes se viesse apoiar a Fanfarra Sandweiler.

11/07/2024

Concert am Duerf

D'Wieder schéngt ze halen🙏🏻 Dofir ass d'Fanfare Sandweiler an d'Jugendmusek frou Iech op de Concert am Duerf, haut, 11. Juli, um 19h30 am Happgaart bei der Spillplaz, ze invitéieren.

Mir freeën eis op äre Besuch op dësem leschte Concert vun dëser Saison.

Direktioun Jugendmusek: Mil Muller
Direktioun Fanfare Sandweiler: Chris Schleck

Photos from Fanfare Sandweiler's post 07/07/2024

Dag 2 vun eisem Grillfest.
E grousse Merci fir Äre Besuch an är Ennerstetzung.
Vielleicht gesi mir eis jo den 11. Juli op eisem Concert am Duerf am Happgaart 🎷🎺

Photos from Fanfare Sandweiler's post 06/07/2024

Impressiounen vum éischten Owend vun eisem Grillfest 🍻⚽️😎
A Muer geet ett weider 😊😊

Photos from Fanfare Sandweiler's post 06/07/2024

Mir si prett fir Iech op eisem Grillfest ze begréissen 🍻
Ab 18 Auer hutt dir och d'Méiglechkeet an eiser Cocktaillounge de Fussball ze kucken.⚽️

04/07/2024

D'Sandweiler Musek huet eng chargéiert Woch viru sech.

Als Ofschloss vun der Saison invitéiere mir iech en Donneschdeg, 11. Juli um 19h30 an den Happgaart (bei der Spillplaz) fir de Concert am Duerf.

Dëse Weekend (6.-7. Juli) ass eist Grillfest virum Centre Cultutel.
An deem Kader fënnt Sonndes och ee Vide Grenier am Centre culturel statt.

Mir freeën eis op äre Besuch!

21/06/2024

+++ DIRIGENT*IN GESICHT+++++++

D’Fanfare Sandweiler sicht ab September 2024 en Dirigent / eng Dirigentin.

Mir sinn en dynameschen a motivéierten Orchester mat +- 40 Musikant*innen.
Eis Prouwe sinn Donneschdes Owes zu Sandweiler am Proufsall am Centre culturel.
Wann Dir interesséiert sitt fir d’Direktioun vun der Sandweiler Musek an eventuell d’Jugendmusek ze iwwerhuelen, da schéckt eis Är Kandidatur bis den 30. Juli mat CV u folgend Adress:

Jean Paul Roeder, 49A, rue d’Itzig, L-5231 Sandweiler
Email : [email protected]
Weider Informatiounen : 621 50 66 35

La Fanfare Sandweiler recherche un chef d'orchestre.

Nous sommes un orchestre dynamique et motivé de +- 40 musiciens.
Nos répétitions ont lieu le jeudi soir à Sandweiler dans la salle de répétition du centre culturel.
Si vous êtes intéressé à reprendre la direction de la Fanfare Sandweiler et éventuellement de l’orchestre des jeunes, merci de nous envoyer votre candidature avec CV à l'adresse suivante :

Jean Paul Roeder, 49A, rue d’Itzig, L-5231 Sandweiler
Email : [email protected]
Pour plus d’informations : 621 50 66 35

28/10/2023

Eis Jugendmusek ass gutt zu Housen am Centre écologique ukomm. Déi nächst 3 Deeg prouwen eis jéngste Musikantinnen a Musikanten op engem Proufstage. Nierft Regësterprouwen, sou wéi Tuttisprouwen, kënnen d’Kanner sech och op Fräzäitaktivitéite freeën, wéi de Besuch an der Schwämm zu Housen, oder ee Grillowend an der Hütt.

D’Resultat vun dësem Proufstage kann een e Méindeg, den 30. Oktober um 19h30 am Sous-sol vum Centre culturel gesinn, wann d’Jugendmusek vun der Fanfare Sandweiler hiren Ofschlossconcert vum Stage spillt.

Dir sitt alleguerten härzlechst invitéiert, a mir freeën eis iech e Méindeg zu gesinn!

Notre orchestre des jeunes est bien arrivé à Hosingen dans le centre écologique. Durant les 3 prochains jours, nos plus jeunes musiciens préparent un programme musicale. En plus des répétitions, les enfants peuvent également s'attendre à des activités de loisirs, comme une visite à la piscine de Hosingen ou une soirée barbecue dans la cabane.

Le résultat de ce stage pourra être vu lundi 30 octobre à 19h30 au sous-sol du centre culturel, lorsque l’orchestre des jeunes de la Fanfare Sandweiler jouera son concert de clôture du stage.

Vous êtes tous cordialement invités et nous vous attendons nombreux lundi !

07/10/2023

D'Fanfare Sandweiler huet déi traureg Flicht den Doud vun der laangjähreger Musikantin Monique HOPP-THIRY matzedeelen.

Der Famill drécke mir eist häerzlechst Bäileed aus.

17/07/2023

Gëschter hate mir zu Berdorf am Martbusch eise leschte Concert fir dës Saison.
Mir soen iech alleguer villmools Merci fir är Ënnerstëtzung am Laf vun dëser Saison, a freeën eis schonn op de September.

D'Fanfare Sandweiler wënscht Iech all e schéine Summer!

Videos (show all)

Cortège Sameice
D'Fanfare Sandweiler seet Iech Merci fir är Ënnerstëtzung gëschter um Wantergala. E ganz besonnesche Merci geet och un d...
Gëschter hate mir zu Berdorf am Martbusch eise leschte Concert fir dës Saison.Mir soen iech alleguer villmools Merci fir...
D'Fanfare Sandweiler wënscht Iech all e schéinen Nationalfeierdag.D'Sonnerie Nationale, gespillt vum Chris Schleck an Ra...
Kiermes Juni 2022
Hämmelsmarsch November 2021, Samschdes.E grousse Merci un d'Famill Nothum-Schleck fir de Patt!
Kiermes am Duerf am Top Squasch zu Sandweiler.
Sonnerie Nationale 2021 - Yves Muller