Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange

Lycée Nic-Biever, Enseignement secondaire, secondaire général, préparatoire et post secondaire

09/08/2024

𝗠𝗲𝗻𝗴 𝗦𝘁𝗮𝗱
Personnalités de Dudelange en portrait : Yves Schmartz
Yves Schmartz est l’heureux directeur du Lycée Nic-Biever de Dudelange depuis octobre 2021. Il y fut déjà sous-directeur et avant cela professeur d’allemand. Il considère sa carrière d’un œil à la fois amusé et sérieux. Lisez ici l'article paru dans le dernier numéro du magazine « Meng Stad » 👉 https://bit.ly/Portrait_Yves_Schmartz
----
Düdelinger Persönlichkeiten im Porträt : Yves Schmartz
Yves Schmartz ist seit Oktober 2021 der stolze Direktor des Lycée Nic-Biever in Düdelingen. Davor war er bereits stellvertretender Schuldirektor und Deutschlehrer. Er betrachtet seine Karriere mit einem amüsierten und zugleich ernsten Blick. Lesen Sie hier den Artikel, der in der letzten Ausgabe des Magazins "Meng Stad" erschienen ist 👉 https://bit.ly/Portrait_Yves_Schmartz

Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange

📷 Photo (c) standart

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 24/07/2024

Ab e Méinden, de 29. Juli kënnt dir iwwert d'mybooks App är Schoulbicher fir d'Schouljoer 2024 - 2025 bestellen.

23/07/2024

D'Mathé-Departement hat am Mee, fir d'Primaner e Mathé-Examen-Training fir de gudden Zweck organiséiert. De Scheck am Wäert vu 590 Euro gouf ganz feierlech op der Remise des Prix un d' Fondatioun Kriibskrank Kanner (aide aux enfants atteints d'un cancer) iwwerreecht.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 22/07/2024

Den 9. Juli war de leschte Schouldag, an och eist Schoulfest. Bei sonnegem Wieder konnten d'Schüler d'Schluss vum Schouljoer mat flotten Aktivitéite wéi Volleyball, Gesellschaftsspiller, Mountainbike oder engem flotte Quiz ausklénge loossen.

19/07/2024

Als Ofschloss an als kléng Belounung fir hier Super Aarbecht bei den Opféierunge vum Theaterstéck "Swinge géint Gläichschrëtt" duerften d'Schüler*inne vun der Theater Actpa an dem LNB Orchester den 3. Juli e flotten Dag am Phantasialand verbréngen.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 18/07/2024

Freides, de 05 Juli 2024 huet op der Alliance den éischte Fussballturnéier mat groussem Succès statt fonnt. D' Schüler hunn als Schidsrichter d' Matcher gepaff an d' Moderatioun iwwerholl. De Schülercomité Alliance huet eis Spiller tatkräfteg ënnerstëtzt mat Erfrëschungen , Éischthëllef an d'Organisatioun vun de Matcher assuréiert.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 17/07/2024

Am Kader vum Projet “Hä?!… oder wat gelift?”, deen dëst ganzt Schouljoer an der Voie de préparation op der Annexe Alliance leeft, ass eng weider Aktivitéit an de leschte Wochen organiséiert ginn, des Kéier mat de 7Pen.

Zesumme mam Anja Meder-Di Bartolomeo hunn déi 4 Klassen ee klengt Dréibuch geschriwwen zu de magesche Wierder “moien an äddi”, “pardon”, “wann ech gelift” an “merci”. Dëst Dréibuch ass duerno zesumme mam Sirvan Marogy verfilmt a vertount ginn.

D’Schüler a Schülerinne konnten sech virun a hannert der Kamera ausprobéieren, Touningenieur spillen oder bei Regieuweisungen hëllefen.

De Projet “Hä?!… oder wat gelift?” gëtt ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte a vun der Fondation Sommer Luxembourg

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 16/07/2024

Les élèves de la 6C1 sont allés au CNA () le lundi 8 juillet. Ils ont eu l’occasion de participer à un atelier d’illustration du roman « Le Monde d’en haut », lu dans le cadre de leur cours de français. Les élèves ont dû se mettre à la place des personnages du livre afin de décider dans quel monde ils voudraient vivre, puis ils se sont pris en photo dans ce monde futuriste grâce au Green Screen. De plus, ils ont travaillé avec un programme d’intelligence artificielle pour créer des scènes du monde imaginaire du roman. Voici quelques exemples de leurs illustrations

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 15/07/2024

✨ Remise des Prix ✨

E Méinden den 8. Juli sinn all déi Schüler ausgezeechent ginn déi sech besonnesch gutt an der Schoul dru ginn hunn an sech och ausserschoulesch engagéiert hunn, dat souwuel am Sport, wéi am 1. Hëllef Team, a Chineesesch oder Latäin Kueren, am Schülercomité oder op Wëssenschafts- & Mathésolympiaden. Felicitatioun un all d'Schüler déi ausgezeechent goufen 👏

Méi Fotoen vum Event fannt dir op eiser Websäit https://www.lnbd.lu/remisedesprix-2024/

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 14/07/2024

De 5. Juli war d'3GSO1 op der Metzeschmelz um Jugenddag, wou Si en Abléck iwwert déi al Schmelz (1911-2014) kruten an iwwert d'Zukunft vum Projet diskutéiere konnten.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 13/07/2024

On travaille ses compétences de façon ludique 🧩🤣 et en découvrant un bout de la culture française 🎬 🎥 🤓 … Plusieurs de nos classes ont découvert « Un p’tit truc en plus », le film de et avec Artus, au Centre national de l'audiovisuel (CNA) les lundis 1er et 8 juillet 2024.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 12/07/2024

✨ Remise des diplômes 2024✨

Felicitatioun un all d'Laureate vum Joer 2024!
En Donneschden de 4. Juli krute Si hiren Diplom am Festsall vum LNB iwwerreecht👏

Méi Fotoen vum Owend fannt dir op eiser Websäit > https://www.lnbd.lu/remise-des-diplomes/

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 11/07/2024

An eiser Serie "LNB Anciens"stelle mir Iech Ex-Schüler*innen aus dem Lycée Nic-Biever vir. Dës Woch kucke mir wéi d’Monica Camposeo seng Lycéeszäit an Erënnerung huet.

Du wëlls och op eise Social Media Säite präsentéiert ginn oder kenns eng Persoun, déi dofir gutt gëeegent wier, da mell dech op [email protected].

10/07/2024

En Dënschden den 2. Juli waren d'Klassen 3CB1, 3CC1, 3CD1 an 3CG1 an der Staat ënnerwee an hunn vu 9:00 bis 10:45 Seancen um Stater Geriicht suivéiert.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 09/07/2024

Am Kader vum Projet “Hä?!… oder wat gelift?”, deen dëst ganzt Schouljoer an der Voie de préparation op der Annexe Alliance leeft, sinn an de leschten zwou Wochen am Schoulhaff Graffiti entstan ronderëm déi 5 magesch Wierder Moien, Merci, Pardon, Wann ech gelift an Äddi.

5 verschidde Graffiti-Kënschtler hu mat de Schüler a Schülerinne vun de 5Pen un dëse Konschtwierker geschafft. Dëst waren de Mirco Castellano, de Raphael Gindt, den Gilles Lanners, den Thomas Lloyd an den Daniel Mac LLOYD.

De Projet “Hä?!… oder wat gelift?” gëtt ënnerstëtzt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, vun der Fondation Sommer Luxembourg a vun Kulturama (https://kulturama.lu/).

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 09/07/2024

🚴‍♂️🎉 Kommt laanscht bis 14 Auer fir d'Beschtzäit op eiser Mountainbikepiste ze schloen! ⏱️ Fir déi éischt Plaz gëtt et ee Kinosticket 🎟️, an fir déi éischt dräi Plaze gëtt et eng Medaile 🥇🥈🥉

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 08/07/2024

Muer, de 9. Juli fënnt eis alljärlecht Schoulfest statt ☀️.

Ugebuede gëtt eng Onmass vu sportlechen Aktivitéiten, Spiller, Atelieren, Bicher, Iessen & Gedrénks. Bei hoffentlech guddem Wieder gëtt de Schluss vum Schouljoer 23-24 gutt ausklénge gelooss 🎉🏀⚽️📚🍕🥤

06/07/2024

Ewéi elo scho bal Traditioun, organiséiert d'Amicale vum LNB och dëst Joer nees eng (inoffiziell) LNB Meeschterschaft am Petanque.

📆 Wéini? Samschdes, den 13. Juli ab 17.00 Auer
📌Wou? Um Bullodrom
🍽 Ab 19:30 gëtt et en Aperitif, an duerno gëtt et Tagliatelle an Dessert

➡️ Umelle kënnt dir Iech per E-Mail: [email protected]
💵 D'Umellung ass bestätegt wann déi 30€ op hire Konto iwwerweise goufen

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 05/07/2024
Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 05/07/2024

An eiser Serie "LNB Anciens" stelle mir Iech Ex-Schüler*innen aus dem Lycée Nic-Biever vir. Dës Woch kucke mir wéi d’Nadine Kremer seng Lycée Zäit am LNB erlieft huet a wat hat hautdesdaags sou mécht. Du wëlls och op eise Social Media Säite präsentéiert ginn oder kenns eng Persoun, déi dofir gutt gëeegent wier, da mell dech op [email protected].

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 05/07/2024

Déi 25 Schüler mat de meeschte Participatiounen an der LNB Sportsectioun an op de sëllegen LASEL Championnater hunn als Belounung e sportlechen Dag zu Lëltz um Stauséi verbruecht. Bei ideale Wiederconditioune fir Ugangs Juli hu mer am Mountainbike a Stand-up Paddle vill Fortschrëtter gemaach an hate vill Spaass! 🌧️🌊🌥️🚵‍♀️🏖

04/07/2024

En Donneschdeg an e Freideg verkeeft d' 1. Hëllef Team an der Mëttespaus nees Glacen am Hall am Haaptgebai. Wien 2 Minutten eng Härzdrockmassage un engem vun eisen Dummyen mécht, kann duerno seng Glace méi bëlleg bei eis kafen 🍨

03/07/2024

E Méinde goufen d'Nami Draut, d'Lea Nobili, d'Laura Tommasini an de Jules Herz am Athenée vu Pro Latinitate als bescht Latinisten am LNB ausgezeechent. Felicitatioun👏

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 02/07/2024

Am Kader vum Projet « Hä ?!... oder wat gelift?“ huet d’Koda-Team (Kultur op der Alliance) an Zesummenaarbecht mam SEGA (Ville de Dudelange), mat Inter-Actions Diddeleng (Ensemble Quartiers Dudelange) an der Kënschtlerin Irina Moons e Workshop op d’Bee gestallt, bei deem Schüler vun de 6P-Klasse vun der Annexe Alliance sollten eng Charta opstellen, déi d’Reegele vun engem gudden Zesummeliewen tëscht de Schüler an den Enseignantë duerstellt.

Heibäi hunn si net nëmmen um Text geschafft, mee och un engem Comic, deen als klengt Bichelche verëffentlecht gouf.

Mir soen e grousse Merci un d’Diddelenger Gemeng, un d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte (Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte) an un d’Fondation Sommer (Fondation Sommer Luxembourg), déi eis bei dësem Projet ënnerstëtzt hunn.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 01/07/2024

Leschte Freide ware 74 Schüler*inne op Visitt am Konzentratiounslager Struthof zu Natzweiler. Do hu Si d'Baracken, de Krematorium an och d'Gaskummer gesinn. Si kruten dobäi interessant Fakten zum Lager vum Geschichtsproff Här Baden erzielt.

No der Visitt goung et dono op Stroossbuerg fir eng traditionell Tarte Flambé ze iessen an d'Staat e bëssche kennen ze léieren.

Fir um Voyage éducatif deelzehuelen hunn d'Schüler am Virfeld un zwou Virliesungen deelgeholl. Eng gouf de 26. Juni vum Historiker Jérôme Courtois iwwert d'Aarbecht vum Historiker am Musée de la Résistance et des Droits Humains zu Esch gehalen. Déi zweete Virliesung war vum Pierre Huss a Nico Thill vun der Amicale Natzweiler-Struthof iwwert d'Liewen am KZ Natzweiler-Struthof.

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 28/06/2024

Am Januar waren d’6P Klasse vun der Alliance sech d’Theaterstéck “King Telmo Rei” an d’Mierscher Kulturhaus ukucken. D’Haptroll huet ee jonke Mann gespillt, dee virun e puer Joer selwer Schüler an der Voie de préparation op der Alliance war, de Michael Mahjoubi.

De Michael huet säin Dram fir Schauspiller ze gi realiséiert an hien ass dës Woch op d'Alliance komm fir mat de Schüler a Schülerinnen iwwert hier Dreem ze schwätzen. Hien huet hinne vu sengem Parcours erzielt, deen net deen einfachsten a kierzte war. Fazit vun de Workshops war, dass et wichteg ass Ziler am Liewen ze hunn an och dofir ze schaffen.

27/06/2024

READY FOR PROM 2024? 🎉

Mir lueden Iech all häerzlech an, op d˙Prom Night ze kommen.

Dat Ganzt fënnt de 4. Juli ab 22 Auer statt, am Hall Polyvalent zu Diddeleng (8, rte de Bettembourg, 3429 Dudelange).

🔸FREE ENTRY, dowéinst einfach laanscht kommen, ouni Ticket.

🔸16+

🔸PAYMENT? Cash oder mat der Kaart

🔸YOU NEED, gutt Laun an natierlech en Outfit zum Thema „Glamorous"

🔸DJ? DIFINO

🔸RABATT op Gedrénks vun 23:00 - 00:00


Mir freeën eis op Iech 🙂

#2024 # LNB

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 27/06/2024

An eiser Serie "LNB Anciens" stelle mir Iech Ex-Schüler*innen aus dem Lycée Nic-Biever vir. Dës Woch kucke mir wat de Laurent Ariete hautdesdaags sou mécht. Du wëlls och op eise Social Media Säite präsentéiert ginn oder kenns eng Persoun, déi dofir gutt gëeegent wier, da mell dech op [email protected].

27/06/2024

🏗️ L’ Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment a eu le plaisir d’accueillir récemment, une vingtaine de jeunes du Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange dans le cadre du projet Resilient Generation pour une journée d’orientation.

Un extrait de Neomag 63, à lire ici ➡️ https://loom.ly/0IHcV3s

Photos from Lycée Nic-Biever - LNB Dudelange's post 26/06/2024

Haut de moien hat de Mathesgrupp vun der 7P vun der Mme Dieschburg ee besonnesche Gaascht op Besuch: d’Lilo.

D’Lilo ass ee Labradormeedchen, an als Therapiehond soll et de Kanner op spilleresch Aart a Weis hëllefen, sech ze konzentréieren an sech u bestëmmten Ofleef ze halen.

Zesumme mat dem Lilo senger Meeschtesch, der Mme Bertoldo a 4 Kanner aus dem Fondamental vu Rëmeleng hunn d’Schüler a Schülerinne begeeschtert Mathé gemaach.

Organiséiert gouf dëst Zesummentreffe vun der ESEB.

Wollen Sie Ihr Schule/Universität zum Top-Schule/Universität in Dudelange machen?
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.

Kategorie

Telefon

Adresse


28 Rue Du Parc
Dudelange
3542

Andere Lycées in Dudelange (alles anzeigen)
Lemondedulivredudelange Lemondedulivredudelange
24 Rue Du Parc
Dudelange, L-3542

Librairie snacking