Ceci - do you love me?
Komm raus aus denger Bubble! Lëtzebuerg ass net sou kleng wéi dir mengt �
CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm back on track 🏃♀️ Lauschtert op Spotify a co. erann 🙌
An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL Syndicat No 1 au Luxembourg an SEW/Ogbl- Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft ass.☝️
Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d’Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond.
De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d’Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
Lauschtert hei erann: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/episodes/48-Marvin-Caldarella---Wat-leeft-schif-am-Educatiounssystem-e2gv5s5
Eurovision Song Contest hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer Chaild wierklech?
Den CHAiLD ass ee vun den 8 Finalisten, de Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéint representéieren.🎤
An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.
Lauschtert hei eran ➡
Ceci, Do You Love Me? • A podcast on Spotify for Podcasters Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a P...
Yesterday was amazing thank u so much to everyone who came to listen to my “Coup de Coeur” during the Nuit des Musées! Thank you MUDAM Luxembourg for the invitation 🫰
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. -
Episode 44 out now. Op alle Plattformen & neierdéngs och op Youtube!
https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira
https://youtu.be/-FeBreTOn9I?si=UfL7mcs9Zx-GGiMO
An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat?
🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo?
🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner?
🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt?
🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun?
🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un?
🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?
Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!
Ceci, Do You Love me? - och elo op Youtube mat Video 🎙️
Episode 43 out now 🫶
Spotify: https://open.spotify.com/episode/0ZP4JGynzgnnkyOSxfAeTR?si=qtR4m4l0QhqcVjOawC0l0Q
#43 IREM - Female Support an der Musekszeen Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff!Wouriwwer schwätze mir?➡️ De Schrë...
Episode 42 out now! Déi nei Episode kënnt dir op Youtube kucken oder op Spotify a co. lauschteren!
Grousse Merci geet raus un CID Fraen an Gender fir d’Location 🙏
Production & edit: Cecilia Said Vieira
Camera & Sound: TWO STEPS TWICE
Lights: Thierry Cumini
Support: Ministère de la Culture, Luxembourg
#42 - Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum Sexual Abuse CECI GOES YOUTUBE (elo réicht? - jo!) An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an de...
Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht.🎙
Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren.
Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Juni wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat äre Wäerter entsprécht. 📝
Kuckt iech de Podcast hei un, oder lauschtert op alle Streamingplatformen eran: https://www.youtube.com/watch?v=vjo2D-X-EwQ&t=3s
DP - Demokratesch Partei
An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d' Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger.
Lauschtert erann!
Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der DP - Demokratesch Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen.
D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Video Versioun: https://youtu.be/-UjLVikBVz4
An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt.
Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe.
Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :)
https://spotifyanchor-web.app.link/e/HYVCigDOzzb
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode:
CULTURE FOREST FESTIVAL
MAY 13, 2023
—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3, mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der DP Betzder, ass out now!
Kuckt iech et hei un: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA
____________
Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der DP - Demokratesch Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen.
D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA
Ceci, do you VOTE me? Episode 2 mam Jeffrey Drui ass elo online! 👀
➡️ https://spotifyanchor-web.app.link/e/dRF9VizJezb
A kuerzen 10 Minutte probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Dat ganzt ass eng Kooperatioun am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten. Lauschtert och an déi Episode mam Jana Degrott erann, falls dir déi verpasst hutt. Have fun!
Video fannt dir souwuel op Spotify & wéi och um Youtube Channel vun der DP - Demokratesch Partei ➡️https://youtu.be/wNKoR-l0_7U
Ceci, do you VOTE me?
It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der DP - Demokratesch Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen.
D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen.
Fir d'Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht.
➡ https://open.spotify.com/show/2fDJiGIMUmdzaEtkIhXgb4?si=7682f3a79de64639
➡ Video Versioun: https://www.youtube.com/DP - Demokratesch Partei
Vill Spaass beim Lauschteren!
An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka Blogger vun der Page 🍕 mood.luxembourg
👉 https://open.spotify.com/episode/0TWyqksnNkc0Ep4gzYlPUT?si=8qRNY66XRB-8EveiJeOirg
Themen:
➡ Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram?
➡ Influencer: Moral vs. Image
➡ Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am Land?
➡ Dubai: Ass et ok, do Vakanz ze maachen?
➡ Deep Talk: Themen déi gemilkt ginn (am bsp. vu Feminismus) a villes méi!
Lauschtert eran a gitt mir gäre Feedback zu dëser Episode!
Location: Merci un de KAALE KAFFI-ArtCoffee💐
_____________________________
Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: Culture Forest Festival
13. Mee 2023 - be there!
—
PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE
Tickets fannt der ënnert:
https://www.culture-forest.com
Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Cafe & Bar an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt.
Ech schwätze mam Julien iwwert folgend Themen:
➡️ Bedeitung vun onkonventioneller Konscht
➡️ Behind the Scenes vun de Gallerien an Ausstellungen
➡️ Wat wéilt de Julien gären an der Konschtwelt änneren?
➡️ Ween huet Berechtegung ze soen, wat gutt Konscht ass? Wat ass normal? Wat ass onkonventionell?
➡️ Wat misst een änneren fir de Jonken een realistescht Bild ze weisen, wéi et ass Konscht als Beruff ze wielen?
Dat a vill méi gitt der hei gewuer. Lauschtert hei erann: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/episodes/38-Julien-Hbsch---Wat-ass-onkonventionell-e20o2ho
Dëst Episode gouf vum Culture Forest Festival . Tickets fir de Festival a méi Infoe zum Line-up fannt der ënnert https://www.culture-forest.com .
An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo Artwork an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv ☄️
Lauschtert hei erann: https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
Och op Spotify, Apple Podcast, Deezer, etc. ënnert "Ceci, Do You Love Me?"
An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen:
➡ Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart gemaach, wou et nach kee Streetart gouf.
➡ Wa grouss Marke mat engem schaffe wëllen: wéi entstinn sou Kooperatiounen?
➡ De Sumo gesäit seng Aarbecht net wierklech als Aarbecht un: Huet ee säi Liewenszil erreecht, soubal ee vu sengem Hobby liewe kann?
➡ Wat sinn NFT's a wisou spillen se sou eng grouss Roll an der Kënschtlerzeen?
➡ Ai - Wéi steet de Sumo zu Konscht déi duerch kënschtlech Intelligenz generéiert gëtt?
Lidder déi gefeatured gouffen:
7:23 Mos Def - Mathematics
16:03 Bobby Womack Across 110th Street
30:03 Jackie Stoudemire - Flying High
Grousse Merci u culture.lu an de Radio ARA 🎉
__________________
Note: Dat heiten ass déi läscht Episode vu Kulturpur. An der nächster Staffel vu Ceci, do You Love Me dréint sech rëm alles ëm Tabu Themen, aussergewéinlech Perséinlechkeeten a Jobs a natierlech spicy Themen! Freeë mech schon op déi 4. Staffel 🎉
Zu Gaascht an dëser Episode ass d'multidisziplinär Kënschtlerin Katharina Bintz . Hat ass Schauspillerin, Schrëftstellerin, produzéiert seng eege Filmer a mécht och Synchronisatiounsaarbechten. Mir schwätzen an dëser Episode iwwert folgend Themen:
➡️ Bedeitung sech mat senger Stëmm a verschidden Aart a Weisen auszedrécken
➡️ Prozess rauszefanne wat een am Liewe maache well
➡️ Schicksalsschlag: Multipel Sklerose
➡️ Wisou gouf et keng Me Too Beweegung zu Lëtzebuerg?
➡️ Erzielung: Valley Girl
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gi sinn:
14:15 Laikipia - Down Down
36:02 Sasha Ley - In Between
Vill Spaass beim Lauschteren!
https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht.
https://open.spotify.com/show/2fDJiGIMUmdzaEtkIhXgb4?si=dd3395a21bbd4e8a
Themen vun der Episode:
➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier?
➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: S**tstorm "Metal ass keng Musek"
➡ Wéi "aggressiv" ass een Heavy Metal Concert a wéi vill Verantwortung stécht dohannert?
➡ Wat waren hier gréissten a klengste Concerten?
➡ Anekdote vun der Tour a Bonding tëscht de Band Memberen "Och eng Famill huet Ups and Downs"
➡Upcoming Japan Tour!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:
14:59 50 Cent - Many Men
32:37 Blanket Hill - Neighbourhood
Vill Spaass beim Lauschteren!
Radio ARA culture.lu
Zu Gaascht an dëser Episode ass de jonken an erfollegräiche Cellist Benjamin Kruithof 🎻
Mir fänken dëst Episode direkt mat engem aktuellen Thema un Luxembourg Music Awards. De Benjamin huet de Präis an der Kategorie Nowuesstalent gewonnen a mir schwätze bëssen doriwwer wéi iwwerraschend dat fir hie koum. Ausserdeem kläre mir iwwert d'Klischeeë vun der klassescher Musek op, schwätzen iwwert Tabuthemen an der Branche an och iwwert säi Cello den iwwer 300 Joer al ass.
Vill Spaass beim Lauschteren!
D’Sarah Bergdoll schafft als General Coordinator bei der Fondation EME . Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer.
Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar 💝
An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨
➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi Erwuesse Leit oft net hikréien.
➡ Du muss dech am Ufank als Kënschtlerin beweisen - wéi ass dat zu Lëtzebuerg?
➡ Kënschtlerfaktor: Wéi rechne Kënschtler:innen hier Präisser?
➡ Konscht als Selbsttherapie
Lauschtert erann: Link in Bio!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
11:48 Grossstadtgeflüster - Fickt-Euch-Allee
23:39 The Rolling Stones - Paint It Black
Photo Credits: © Anouk Flesch
https://neon.page/cecidoyouloveme
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vu senger Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un:
- Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform?
- Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren?
- Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz?
- Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!
Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :)
Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen:
10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet
21:33 Sixo ft. Irem - Gold
31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Lauschtert erann -> https://spotifyanchor-web.app.link/e/fanRqi11evb
Radio ARA culture.lu
Episode 5 out now mam Sandra Biewers vun Inktologie Tattoo
Folgend Themen schwätze mir an dëser Episode un:
➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut?
➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen.
➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass?
➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen!
➡ Medizinesch Tattoos: 🎗Broschtkriibs Patient:innen oder Persounen déi eng Geschlechtsëmwandlung kruten profitéieren vun deenen Tattoos.
Dat ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt eran falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn.💡
Radio ARA culture.lu
KulturPur Episode 3: - Rap ass net gläich Rap 🎙
Theme wouriwwer mir an dëser Episode schwätzen:
➡️ Wisou gëtt ee Kënschtler, de vun den Zuelen hier, ee vun deene beschte Kënschtler am Land ass (Musék op lëtz.), sou wéineg vun de Medien ënnerstëtzt?
➡️ Wéi een Impakt huet seng Musek op jonk Leit?
➡️ Rap an déi ganz Scene verstoen: Tëscht Ironie, Provokatioun a Konschtfräheet
➡️ Wat muss ee gudden Artistmanager senger Meenung no hunn?
Vill Spaass beim Lauschteren! A Merci Brooze fir d’Laanschtkommen 🙌
Quote aus der aktueller Episode. Lauschtert erann! 🎤
An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka Maz zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a Business – kann ee mat gudde Kolleege produktiv schaffen? D’Äntwert dozou a vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer.
➡Lauschtert hei erann: https://anchor.fm/cecilia-said-vieira
Lidder déi an dëser Episode gefeatured sinn:
37:48 MAZ – Good S**t
10:54 MAZ – Upside Down
Folgt dem MAZ op Instagram.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Grousse Merci un culture.lu an Radio ARA
#1 Kreativen Impakt duerch Mental Health
Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka Pleasing. Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann.
Lidder déi an dëser Episode geafeatured sinn:
13:07 Maz - Over
18:28 Pleasing - Bplr
38:33 TUYS - More Than An Account
___________
Kulturpur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler:innen zu Lëtzebuerg z'ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht - Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Hei ass d’Intro vun der 2. Staffel vu !
Déi éischt Episode gëtt exklusiv en Donnechden den 8. September um 18h op diffuséiert 📻 op Spotify a co. geet se Sonnde live 🎙
Music by
Produced by
Mercii! 🫶
NEWS❗
Ech sinn frou iech matzedeelen, dass ech Host vum Podcast KULTURPUR fir déi nei Staffel wäert ginn (12 Episoden). Ech freeën mech scho fir culture.lu beim Radio ARA ophuelen ze kënne - Merci fir d'Koop! 🥳
Wat heescht dat fir de Podcast Ceci, Do You Love Me?
- Ceci, Do You Love Me = Ceci presents: KULTURPUR
- D'Episoden vu Kulturpur ginn och op mengem Account verëffentlecht
- De "Flow" vum Podcast ännert sech net
- Et gëtt eng nei Intro!
- Fokus op lëtzebuergesch Kultur fir déi ze pushen
- Et gëtt 2x de Mount verëffentlecht
Mei Updates zum Podcast ginn et hei an op culture.lu also Stay tuned!
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.
Videos (alles anzeigen)
Kategorie
Service kontaktieren
Adresse
Luxembourg
Two Dudes sharing their Love and Passion for everything that is Metal Music
Luxembourg
Le podcast en duo made in Luxembourg, léger, qui picote et qui donne envie de changer! Et si on parlait de "mieux-vivre" autrement? Que l’on faisait se rencontrer les pratiques anc...
Luxembourg
Podcast about science in Luxembourg and beyond - in every episode we have a look at the latest news about scientifical research and technological changes in Luxembourg and try to d...
Luxembourg
Gelin Garcia and Christophe Bolsius analyse the latest news on this weekly podcast. Acid humor with
Luxembourg
Ferro Cast é um podcast produzido no Luxemburgo mediado por Pedro Ferro em português e francês!
Luxembourg
(dans les) Vestiaires c'est LE #podcast qui décortique les difficultés rencontrées par les sporti
"Silversquare"
Luxembourg, 1631
Entrepreneurial Insights is your go-to podcast for uncovering the stories, strategies, and wisdom of today’s leading entrepreneurs.
Luxembourg
Däin éischte Meditatioun Podcast zu Lëtzebuerg 🎧 fir ee fräie Kapp 🧠✨ letzmeditate.lu