Move.
MOVE. - déi jonk am Mouvement Ecologique. Jugendgrupp, Aktiounen, Projeten an Aktivitéiten fir Jonker Du wëlls eppes beweegen? MOVE.
Klimawandel, Globaliséierung, Naturschutz oder grenzelose Konsum sinn alles Themen déi eis am Alldag beschäftegen. Natierlech kënne mer drop waarden datt anerer sech drëm këmmeren. Mir kennen awer och selwer aktiv ginn, eis zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren. MOVE. ënnerstëtzt Jonk Leit, déi sech fir eng zukunftsorientéiert an ëmweltbewosst Gesellschaft wëllen engagéieren. Zil ass et Jonk
Mat enger Plakataktioun hu Jonker vu move. a vum Mouvement Ecologique drun erënnert wéi present d’Auswierkunge vum Klimawandel och an dësem Summer nees waren, a wéi wichteg et ass, datt mir bei de Walen e Sonndeg eis Stëmm fir méi Klimaschutz notzen.
Viru 5 Joer hu mir nach dovu geschwat, wat d’Auswierkunge vum Klimawandel an der Zukunft kéinte sinn. Haut sinn des Auswierkunge Realitéit: 2023 war de wäermste Summer, dee jee gemooss ginn ass. Mee net nëmmen dat: dee vum Mënsch verursaachte Klimawandel huet dozou gefouert, datt Wiederextremer wéi Dréchent, Iwwerschwemmungen oder Tornadoen ëmmer méi heefeg ginn a plazeweis enorme Schued uriichten. Dat weist wéi séier et ka goen – a wéi wichteg et ass, datt haut déi richteg politesch Decisioune geholl ginn.
Klimaschutz ass een Thema, dat dir um Häerz läit? Dann orientéier déng Stëmm e Sonndeg dodrun, wéi eng Äntwerten déi ënnerschiddlech Parteien op d’Klimakris ginn!
💡Dee ganze Statement an dem Mouvement Ecologique seng Walanalys vun de Walprogrammer fannt dir op eisem Site
LUCKY SATURDAY🍀
Massekonsum war gëschter…
Eis Black Friday Aktioun war e vollen Erfolleg!
Souguer eise Wirtschaftsminister ass laanscht komm an huet un eisem Glécksrad gedréint💪🏻
An engems konnte mir him eis Fuerderungen un d’Politik virstellen⚡️
Hien huet eis Fuerderungen ënnerstëtzt & ënnerstrach, dass hie schon op verschidde Niveauen esou Entwécklungen ugestouss huet!
All eis Fuerderungen souwéi eise coole Flyer fannt dir op eiser Websäit www.move.meco.lu 🔥
De Black Friday kënnt ëmmer méi no!🤑
💸 Fir déi eng ass dat eng grouss Geleeënheet, mat Mega-Reduktiounen ze lackelen, fir datt mir ganz vill nei Saachen zu reduzéierte Präisser kafen. Saachen, déi mir eigentlech guer net brauchen.
📣 Fir move. ass dat d’Geleeënheet eng cool Aktioun ze starten! Brauche mir wierklech ëmmer méi Konsum a Wuesstem, fir glécklech ze ginn?
🌎 D’Problemer, déi duerch den héije Konsum entstinn, si bekannt: Eis natierlech Ressourcen op dësem Planéit si begrenzt, an oft ginn d’Mënschen an de Länner vum globale Süden ausgebeut, fir datt mir hei Bëllegwuere kafe kënnen. move. steet dofir an, datt mir als Gesellschaft an als Wirtschaft aner Prioritéite setzen.
🔥Komm laanscht op eise LUCKY SATURDAY, dëse Samschdeg ab 10.00 Auer beim Roude Pëtz an der Groussgaass, a gewann bei eiser Aktioun dat gutt Gefill, dech fir eis Gesellschaft an eise Planéit agesat ze hunn - an dat ass onbezuelbar 😉
Den 1. Dezember fënnt déi 7. Editioun vun eisem Jugendforum “Visionäre” statt⚡️
Dës Kéier ënnert dem Titel “Liewensstil, Wirtschaft & Natur zesumme bréngen… Wéi kréie mir dat hin?”🌻🌿
All d’Infos fannt dir um Flyer an op eiser Websäit✌🏼
Mellt iech un, mir freeën eis op iech!!
Dëse Mount hu mir zesumme mat een Upcycling Workshop an hirem Atelier organiséiert🧶
Hei e puer Andréck vun dem coolen Owend + e puer vun de kreativen Resultater🧵
Muer, den 04.10, fënnt eisen Schüler:innenforum, ënnert dem Titel "Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwwer schwätzen!", vun 8h00 bis 15h00 am Oekozenter Pafendall statt🔥
Et kann een sech haut nach dofir umellen. Also kommt laanscht a schwätzt mat eis a mat eiser Referentin an Psychotherapeutin Katharina van Bronswijk iwwer äer Klimagefiller, dir wert et net bereien!
Mir freeën eis op iech!🌻
P.S. Mir schreiwen iech en Certificat de participation fir d'Schoul✌🏼
Mouvement Ecologique: Workshop fir Jonker iwwert d'Ängschten duerch d'Klimakris Wéi soll ech mat menge Gefiller an der Klimakris ëmgoen? Huet et iwwerhaapt nach e Wäert, datt ech mech engagéieren?
Visionäre: Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwer schwätzen! De 4. Oktober organiséiert move. am Oekozenter Pafendall déi 6. Editioun vum Jugendforum „Visionäre“ ënnert dem Titel “Angscht virun der Klimakris?!
De 4. Oktober fënnt déi 6. Editioun vun eisem Jugendforum „Visionäre“ statt🌻
Des Kéier ënnert dem Titel „Angscht virun der Klimakris? Loosst eis driwer schwätzen!“🍂
All Infos dozou an och zur Umeldung fannt dir hei op eisem Flyer✌🏼
Kommt laanscht🌞
Eisen Picnic mat den war e vollen Erfolleg🌞
🍇🧁🥒🍿🥕
Merci, dass dir bei eis wart an dass mir iech konnten e puer Messagen mat op New York bei d’UNO gin💥
Glaich geet et rem lass!!🔥
Dësen Donneschden ass eis 1. Versammlung no der Summerpaus✌🏼
Hei um Flyer gesais du, wat dech ënner anerem am September bei move. erwaart👀💥
Komm lanscht a léier cool nei Leit kennen, déi sech vir déi selwescht Themen intresséieren wéis du🌻
💚🌏🌍🌎💚
🌎EARTH OVERSHOOT DAY🌍
Den Earth Overshoot Day markéiert den Dag am Joer, un dem d‘Mënschheet all biologesch Ressourcen verbraucht huet, déi d‘Äerd am Laf vun engem ganze Joer reproduzéieren kann🥀
De lëtzebuergeschen Overshoot Day war dëst Joer schon den 14. Februar an domat leie mir just 4 Deeg hannert dem Spëtzeverbraucher Katar💣
Dat heescht, dass wann déi ganz Welt esou vill Ressourcen géif verbrauchen, an eis Ëmwelt esou géif belaaschten, wéi Lëtzebuerg, da wier den 14. Februar Feierowend. Eis géifen keng natierlech Ressourcen méi zur Verfügung stoen☠️
Eist move. Summerfest war erem e vollen Erfolleg🌻
Gutt Wieder, gutt Iessen, gutt Stëmmung🌞
Seedbombs, Kleedertausch, zesumme kachen an cool Bands stungen um Programm🔥
Hei kritt dir scho mol e klengen Androck vum Fest, de ganzen Rapport + all d’Fotoen fannt dir geschwënn op www.move.meco.lu✨
Merci u jiddereen deen dobäi war ♥️
Du hues Kleeder, déis du net méi undees a wëlls fort gin?👒
Da bass du genau richteg op eisem Summerfest, e Samsden den 2. Juli!!
Mir starten um 17h mat eisem groussen Kleedertausch. Also paak all deng Kleeder an, déis du net méi wëlls, komm laanscht an tausch se géint cool Kleeder, déi aner Leit matbréngen🤩
De ganze Programm vun eisem Fest fënns du op eisem Flyer 3 Posts hei drënner✌🏼
Hasta luegooo🔥
🔥SAVE THE DATE🔥
move. Summerfest den 2. Juli am Oekozenter Pafendall.
Komm laanscht a léier cool nei Leit kennen!!
https://www.facebook.com/events/1185862828844886?ref=newsfeed
Du wëlls dech engagéieren?
Da komm lanscht op eis Versammlungen a plang cool Projeten an Aktiounen mat eis🌻
Dech interesséiert wat Lëtzebuerger Jugendparteien zu der Klima- an Biodiversitéitskris ze soen hunn? Wat hir Positioune sinn? An ob déi sech eventuell souguer vun de jeweilege Mammeparteien hiere Positiounen ënnerscheeden?
Bei move., déi Jonk am Mouvement Ecologique, awer och bei Youth for Climate, hu mer eis intensiv mat den groussen Erausfuerderungen ausernee gesaat, déi d’Klima- an Biodiversitéitskris mat sech brengen. Wat bedeiten di Krisen fir d’Bildung, d’Landwirtschaft, d’Wunnen an d’sozial Gerechtegkeet? Wat ass den Overshootday a wisou erreecht Lëtzebuerg en esou fréi?
Daat kanns du elo alles an dësem Video vun engem flotten Event mat enger interessanter an interaktiver Diskussiounsronn mat 5 Memberen vun diversen Jugendparteien, gewuer ginn. Kuck eran, och wat move. a youth for climate dozou ze soen hunn!
Du wells dech och mat anere Jonken op dësen Themen engagéieren an austauschen? Da komm laanscht op déi nächst move. Versammlung Donneschdes den 12. Mee am Oekoezenter Pafendall, a léier interessant nei Leit kennen. Falls du nach onsecher bass, ob move. dat richtegt vir dech ass oder Froen hues wat mir genau maachen, zéck net a mell dech einfach iwwer PN.
Move. & Youth For Climate Luxembourg wellen de Jugendparteien, déi dobäi waren, nach eemol villmols Merci soen vir deen spannenden Austausch zu deenen verschiddenen Themen.
JSL
déi jonk gréng
CSJ - Chrëschtlech-Sozial Jugend
déi jonk Lénk
JDL Jonk Demokraten
https://www.youtube.com/watch?v=6mYYtODwi6c
Klimakris? Biodiversitéitskris? Wat soen d’Jugendparteien? Déi zwou grouss Krisen, d’Klima- an d’Biodiversitéitskris sinn haut scho gräifbar. An Tuvalu oder Bangladesch geet ëmmer méi Land duerch de steigende Mieress...
Diskussiounsronn: Klima- a Biodiversitéitskris:
Et war ee flotten Owend a .meco & soen de Jugendparteien ee grousse Merci fir déi spannend Diskussioun.
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.
Videos (alles anzeigen)
Kategorie
Service kontaktieren
Telefon
Webseite
Adresse
6, Rue Vauban
Luxembourg
2663
Luxembourg
El Sistema Luxembourg is dedicated to supporting young musicians and families who have difficulty accessing music education and providing them with performance opportunities in sym...
3, Boulevard De Kockelscheuer
Luxembourg, L-1821
Official Page for the World Rescue Challenge 2022 in Luxembourg organised by the World Rescue Organisation (WRO), the Luxembourg Rescue Organisation (LRO) and the Luxembourg Fire &...
Luxembourg
Ihr Online-Kredit Senden Sie Ihre Anfragen sofort Dateistudie in 24 Stunden
1, Rue De La Tour Jacob
Luxembourg, 1831
Erliefnis Excursiounen an d'Welt vum Lëtzebuerger Patrimoine - fir Primärschoulen & Maisons Relais
Luxembourg
YOUNG ACAT is a service of ACAT Luxembourg and aims to raise awareness of Human Rights among young people. We offer artistic workshops for young refugees and other young, interest...
Luxembourg, L-2651
The objectives of Space Ecosystems are initially to support private and/or public projects in the Grand Duchy of Luxembourg through the development of space exploration and exploit...
108, Avenue Du X Septembre
Luxembourg, L-2550
ATHOS project is a new initiative which connects athletes, sport organizations and NGOs with expertise and a continued interest in improving athletes’ support in their life and car...
Rue Des Capucins 3
Luxembourg, 1313
The official page of the Honorary Consul of The Republic of Armenia in the Grand Duchy of Luxembourg